Nees falsch Polizisten ënnerwee: Wéi erkennt een déi richteg Beamten?

All Polizist zu Lëtzebuerg ka fléissend Lëtzebuergesch schwätzen a sech selwer identifizéieren. Wann Dir Zweiwel hutt, rufft den 113 un.
Um Sonndeg den Owend gouf e Bedruchsversuch bei der Police gemellt, bei deem Brigange sech als Polizisten ausginn hunn.
D'Affer gouf virdru vun engem vermeintleche Bankemployé kontaktéiert, deen hinnen erkläert huet, datt eng grouss Zomm Sue mat der Bankkaart ofgezu gouf. Dofir missten d'Bankbeamten oder, wéi an dësem Fall, d'Police-Mataarbechter elo d'Kaart siche kommen an d'"Zougangsdaten iwwerpréiwen". D'Täter sinn du mat der geklauter Bankkaart an dem Sécherheetscode geflücht.
D'Police erënnert an deem Kontext drun, datt all Polizist zu Lëtzebuerg fléissend ka Lëtzebuergesch schwätzen a sech selwer identifizéieren. Wann Dir Zweiwel hutt, rufft den 113 un.
Dernieft entspriechen esou Ufroen net den Handlunge vun unerkannten Verwaltungen, Firmen oder Banken. Wann Dir net sécher sidd, ob et e Bedruchsversuch ass, da loosst Iech net ënner Drock setzen a kontaktéiert d'Firma oder d'Bank, déi betraff ass.
An dëser Hisiicht freet d'Police, besonnesch eeler Bierger iwwer dëse Bedruch z'informéieren.