Seng Orthografie verbesserenMam ZLO testen, wéi gutt ee Lëtzebuergesch schreiwe kann

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Sprooch ass gefrot, ëmmer méi sinn d'Leit dorun interesséiert, se ze léieren.
Seng Orthografie verbessere mam ZLO
D’Lëtzebuerger Sprooch ass gefrot, ëmmer méi sinn d’Leit dorun interesséiert, d’Sprooch ze léieren.

Esou heescht et aus den zoustännege Ministèren. Bis elo gouf et awer nach keng Méiglechkeet, seng Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie offiziell zertifiéieren ze loossen. Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet den neie Lëtzebuerger Orthografie Test, den ZLO, presentéiert.

Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie / Reportage Carla Schuller

E Méindeg hunn de Kulturminister Eric Thill an den Educatiounsminister Claude Meisch den ZLO virgestallt. Zanter Juli 2021 gëtt un dësem neie standardiséierten Test fir d’Lëtzebuerger Orthografie geschafft. E Méindeg gouf deen dann och online gesat.

Den Test mécht et méiglech, en offiziellen Zertifikat fir seng Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie ze kréien.

Den Educatiounsminister Claude Meisch:
“Et ass esou, dass ëmmer méi Jonker a manner Jonker lëtzebuergesch schreiwen an doduerch och e bëssen de Virwëlz opkomm ass, wéi een dat da richteg schreift. Dofir ginn et och Formatiounen a Bicher doriwwer an et ass awer och esou, dass dat, wat ee geléiert huet, wëll een och iergendwéi zertifiéiert kréien. Ech mengen, dass dat fir ee selwer wichteg ass, mee och fir den Lëtzebuerger Aarbechtsmarché, wou villäicht den een oder anere Patron gären hätt, dass ee gutt lëtzebuergesch schreiwe kann. Do kann et natierlech en Avantage sinn”.

Dësen Outil soll d’Äntwert sinn, fir der Popularitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch Rechnung ze droen. Et gëtt ëmmer méi Interessi un der Sprooch an och d’Demande fir Coursë geet erop.

Et wier awer wichteg unzemierken, dass et sech net ëm eng Lutte tëscht der Lëtzebuerger Sprooch an der Méisproochegkeet vum Land handelt, sou de Kulturminister Eric Thill:
“Et geet net dorëm, fir d’Lëtzebuerger Sprooch géint d’Méisproochegkeet auszespillen. Ganz am Géigendeel, mir wëlle béid stäerken an dat ass eben elo bëssen de Rôle vu menger Säit fir de Mesurëpak ëmzesetzen, fir de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch weider ze fërderen, well mir mierken, dass den Interessi ganz grouss ass. Dofir ass ebe sou en Outil, wéi den ZLO, ganz flott an interessant, wou mer de Leit d’Méiglechkeet ginn, ze testen, wéi gutt se Lëtzebuergesch schreiwe kënnen.”

De Verlaf vum Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie ass einfach, et hëlt ee sech fir d’Éischt um Site vum Institut National des Langues Luxembourg e Rendez-vous, dono ass dann de prakteschen Test beim INLL. D’Epreuve ass anonym an op enger Tablett. Den Test mat 90 Froen dauert ronn 40 Minutten. https://eur01.safelinks.protection.outlook.com/?url=http%3A%2F%2Fmyinl.inll.lu%2F&data=05%7C02%7Csandy.schmit%40rtl.com%7Cb5d71109c9804d1532f808dd02821219%7C8d237650cdc140e1899c5601e055f3fe%7C0%7C0%7C638669479893575956%7CUnknown%7CTWFpbGZsb3d8eyJWIjoiMC4wLjAwMDAiLCJQIjoiV2luMzIiLCJBTiI6Ik1haWwiLCJXVCI6Mn0%3D%7C0%7C%7C%7C&sdata=twwA%2Fpg0jwALYjcsN2cptX%2FwT%2BiKeQoQYhcIL1dPBpk%3D&reserved=0

Et si Multiple-Choice-Froen op Basis vun de wichtegste Lëtzebuerger Orthografiesreegelen. D’Resultater kritt een op engem offiziellen Zertifikat Heem geschéckt. Den Test kascht 30 Euro.

PDF: Scheiwes vum Kulturministère

Back to Top
CIM LOGO