Dat neit Gesetz ass eng Demontage vum Naturschutz, sou de Mouvement Ecologique
De Mouvement Ecologique hat op eng Pressekonferenz invitéiert, fir seng Bedenken iwwer d'Ännerungen am Naturschutzgesetz matzedeelen.
"Liewe mat der Natur", sou heescht dem Ëmweltminister säi Projet. De Mouveco dogéint schwätzt vun enger Demontage vum Naturschutz. D'Politik hätt net de Courage, fir déi reell Ursaache vun der Logementsproblematik unzegoen.
Fir d'Presidentin vum Mouvement, Blanche Weber, wier et virop net den Naturschutz, deen d'Projeten zréckhält, mee d'Gemengen oder d'Banken zum Beispill. Dernieft géing d'Regierung wëllen, datt d'Land wiisst.
"Da betonéiere mir eist Land zou, mir kréien d'Klimakris net an de Grëff, well dat kascht och vill Energie a mir maachen eis Natur an eis Gréngs futti. Dat heescht, dat Haaptzil vun dëser Regierung misst elo sinn, fir Haiser ze mobiliséieren, déi eidel stinn. Statistiken no sinn dat tëscht 5 an 10 Prozent an de Gemengen, déi am Ablack eidel sinn. Déi Wunnenge wären duerch richteg Incitatiounen, Steieren, eigentlech vill méi séier mobiliséierbar wéi ëmmer nei ze bauen. An dat géing net op d'Käschte vun der Natur goen. A vläicht wär et souguer nach méi bëlleg."
Zu den Ännerungen am Naturschutzgesetz gehéiert dat Konzept "Natur op Zäit", datt een also am Bauperimeter kann Biotopen entstoe loossen, bis zu 15 Joer laang, ouni dass een et duerno muss kompenséieren.
"Den Här Wilmes wëll dat elo réckwierkend maachen. Dat heescht, Saachen, déi an de leschte fofzéng Joer gewuess sinn, sollen elo erëm dierfen ewechgemaach ginn. An dat wär ganz kloer eng Veraarmung vun dem Gréngs an eisen Uertschaften. Dat ass dat éischt. An dat zweet, dat ass, et ass juristesch esou onausgegoren. Zum Beispill, et gëtt en Ënnerscheed tëschent Haie a Brousseau gemaach. Interpretéieren d' Leit et selwer, de Bauhär, oder kënnt do den Environnement, muss een awer nach eng Geneemegung maachen."
D'Prozedure sollte jo méi einfach gemaach ginn an do géife se wierklech net méi einfach, mee méi komplizéiert gemaach. Mee och bei engem anere Punkt, dem sougenannte "Bamprabbeli" fäert de Mouveco Réckschrëtt. Do sollen d'Gemengen duerch divers Vereinfachunge motivéiert ginn, fir méi Beem, méi Sträich unzeplanzen.
"An ech menge mir däerfen eis jo näischt virmaachen. Sou wéi eis Gemengen elo opgestallt sinn, hu mer net genuch Gréngs. Mir brauchen es méi. Well soss wäerte mer an Zukunft an de Summeren e Futtigoe vun Hëtzt an och dat Wuelbefannen, wat mer kréien duerch Gréngs an den Uertschaften, wat sech op d'Gesondheet auswierkt, dat wäerte mer net erreechen."
Um Méindeg ass zu Baku den Optakt vun der COP29 der Weltklimakonferenz. D'Blanche Weber fënnt, datt d'Stëmmung am Ablack net immens ass:
"Mee wien net méi hofft an dee sech net méi asetzt, deen huet vu vir era verluer. "Asofern" hoffe mer, mir setzen eis an a mir hoffen, dass hei de gesonde Mënscheverstand, d'Wëssenschaft gewënnt, fir d'Wëssenschaft ass kloer, mer mussen eppes maachen. (...) Et wär ze vill einfach, net méi optimistesch ze sinn. Et gëtt jo och vill Firmen, déi soen, mir hätte gär Klimaschutz, mir wëllen en Ausstig aus de fossillen Energien, mir als Wirtschaft mussen och Alternative kréien."
Et géing ëmmer méi Stréimunge ginn, déi awer "Trump hin oder hier" soen, et misst weidergoen, sou d'Presidentin vum Mouvement Ecologique.