Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten"Et däerf keen Ënnerscheed tëscht de Sans-abrise gemaach ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift d'Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten" e Méindeg an engem Communiqué a verurteelt dobäi de Familljeminister Max Hahn.

De Max Hahn hätt bei der Presentatioun vun der Wanteraktioun fir dëse Wanter vun engem groussen Zoulaf vu Leit aus dem Ausland geschwat, déi ee misst bremsen, fir sech besser ëm d’Sans-abrise vun hei ze këmmeren. Solidaritéit mat den Heescherten ass der Meenung, datt jidderee misst en Accueil garantéiert kréien an d’Wanteraktioun dat ganzt Joer misst op sinn. Dann och mat bessere Konditiounen, well Leit, déi do iwwernuechten, keng Intimitéit hunn an d’Koppele getrennt ginn. D’ASBL ënnersträicht nach, wéi wichteg d’Lutte géint d’Aarmut a géint de Manktem u Sozialwunnenge wier.

Liest hei de Communiqué vun der Associatioun

Back to Top
CIM LOGO