Dat seet de Paul Zeimet, Direkter vu Soler, mat Bléck op 2040. D'Nummer 1 an der Wandenergie zu Lëtzebuerg bedreift 49 vu 74 Wandmillen.

Nationalen Energie- a Klimaplang / Reportage: Claudia Kollwelter

Elo geet et awer emol drëms, d'Objektiver z’erreechen, déi d’Regierung sech fir 2030 fixéiert huet. A 5 Joer soll Lëtzebuerg 40% vu sengem elektresche Verbrauch via erneierbar Energie produzéieren. Duerfir muss awer bei der Installatioun vu Sonnepanneauen a Wandrieder eng Schëpp bäigeluecht ginn.

28 Joer sinn et hier, datt den éischte Wandpark um Territoire vun der Gemeng Mompech opgeriicht gouf. 4 Wandrieder, déi an Tëschenzäit schonn nees ofgebaut an duerch ee méi modernt ersat goufen. Ee Wandrad wat eleng, dräimol méi Elektresch produzéiert. An d'Technologie bleift net stoen.  
 
"Wann ech elo de Stand haut, d'Wandmille kucken, wéi mer se zu Lëtzebuerg och dréinen hunn, vum däitschen Hiersteller Enercon 138, dat sinn Anlagen, déi hunn e Rotor-Duerchmiesser vun 138 Meter, eng Héicht vun 160 Meter, esou eng Anlag produzéiert eng 12, 13 bis 16 Gigawatt-Stonn pro Joer. Mat esou enger Anlag, da gi liicht iwwer 100 Anlagen duer, fir d'Ziler ze erreechen", sou de Paul Zeimet.
 
Haut produzéiert Lëtzebuerg scho genuch erneierbar Energie fir d'Privatstéit ze versuergen. 
 
Eleng eng 470 Gigawatt/Stonn, wat d'Wandrieder ubelaangt. Fir bannent den nächste 5 Joer den néidege Schratt op 1.043 Gigawatt d'Stonn z'erreechen, muss d'Kadenz, mat där nei Anlagen opgeriicht ginn, awer weider kloer eropgesat ginn.
 
Dofir koum d'lescht Woch den Energiedësch zesummen:
 
"Datt emol vläicht ee Guichet unique geschaaft gëtt, soe mer esou, fir datt ee weess, wou ee kann nofroen, wou d'Prozeduren dru sinn. Dann och e Reegelwierk, soen ech mer esou, wat kloer Delaie festsetzt. Dat notamment fir d'Ëmweltgeneemegung. Do bestinn am Moment keng Delaien. Dat heescht, dat geet dann iwwer 6, 7, 8 Joer, wou dat kann daueren. Dat heescht, mir verlaangen am Fong fest Delaien, d'Prozesser och vereinfachen, digitaliséieren."

Den Avantage vun de Wandrieder vun der neister Generatioun

Et ass keen Zoufall, datt d'Regierung op Sonn a Wandenergie baut. Et brauch een déi zwou Energien, sou den Expert. Um Buedem brauche Wandrieder awer, fir eng selwecht Leeschtung, vill manner Plaz wéi d'Photovoltaik. Déi neist Generatioun u Rotore bréngt eng Effizienz, déi dräi- bis véiermol méi grouss ass wéi Sonnepanneauen. 
 
Problematesch ass den Ament nach de Stockage vun der Energie. Anlage mussen de Weekend iwwer gestoppt ginn, well iwwerproduzéiert gëtt. Och hei kënnen nei Technologien, nieft der SEO, an Zukunft eng Léisung bréngen. 
 
"Mat der SEO zu Veianen steet dee leeschtungsstäerkste Späicher am däitschen Netz schonn hei zu Lëtzebuerg. Dat ass eppes, wat ech oft an Ëffentlechkeetsversammlunge soen. Dat heescht, wann een also op Lëtzebuerg kuckt a wat mer hei kënne maachen, da solle mer esou vill wéi méiglech am Beräich Erneierbar maachen an eis Hausaufgabe maachen am Beräich Wand, am PV. An ech sinn awer och iwwerzeegt, datt zukünfteg mat Batteriespäicher, déi mussen installéiert ginn, awer och vläicht Hydrogen, grénge lokal produzéierten Hydrogen, datt dat Méiglechkeete sinn, fir Picken opzefänken."
 
Mat Bléck op 2040 ass de Paul Zeimet der Meenung, datt d'Regierung sech nach méi éiergäizeg Ziler a punkto erneierbar Energie kéint ginn. Ënnert der Bedéngung, Wandrieder kënne wéi um Energiedësch ugeduecht, méi no un Autobunnen, Stroossen, Industriezonen oder och an Noolebëscher opgeriicht ginn. An da muss och weider un der Akzeptanz bei de Leit gefeilt ginn:

"Well oft muss ee jo de Spagat maachen: 'Wéi wäit sinn ech ewech vum Duerf? Ech dierf awer Stand haut net iwwert de Bësch dréinen, dat heescht vum Bësch ewech bleiwen. A wann dat en Nolebësch ass an et kann een domadder, soen ech mer esou, dee Schrëtt maachen, fir de Leit entgéintzekommen, well ech si méi wäit ewech vum Duerf, rutschen awer dofir vläicht an en Nolebësch, dann dréit dat dozou bäi, datt d'Akzeptanz ginn ass."