En Dënschdeg de Moie war déi erneierbar Energie d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Bis 2030 solle 37 Prozent vum nationalen Energieverbrauch am Land aus erneierbare Quelle kommen. Dat fuerdert den nationalen Energie- a Klimaplang, kuerz PNEC. Den Ament sinn et ronn 12 Prozent*. Et ass e realistescht Zil, wat mat moderner Technik ze areeche wier, sot de Paul Zeimet als eisen Invité vun der Redaktioun. Den Direkter vu Soler, eng Lëtzebuerger Societéit fir erneierbar Energien, huet erkläert, dass de Gros vun der erneierbarer Energie zu Lëtzebuerg aus Wand- a Sonnenenergie kënnt. Waasser a Biogas maache manner aus. Fir genee ze sinn: Waasser 6 Prozent, Biogas 4 Prozent, Solar 23 Prozent an 39 Prozent Wand.

Progressioun an der Wandenergie ass enorm

Wann een d’PNEC-Ziler kuckt, wieren déi gréisste Chancë beim Wand a bei der Sonn. Mä et wier wichteg, net just op ee Päerd ze setzen. D’Sonn wier haaptsächlech am Summer present, wou dann och manner Wand ass an ëmgedréint am Wanter. Allerdéngs wier de Fortschrëtt an der Wandenergie-Gewënnung enorm. 1996 wier déi éischt Wandanlag zu Lëtzebuerg opgebaut ginn. Mat deem Typ Anlag misst een iwwer 1.000 Millen opriichten, fir d’Ziler z’erreechen. Mat de rezenten Anlage bräicht een der just nach 100. A  wann een an d’Zukunft kuckt, mat deenen Anlagen, wou een haut plangt, Typ Enercon 175 (Rotor-Duerchmiesser vun 175 Meter, Héicht vun 170 Meter), da bräicht ee just nach 50 Anlagen. Duerch méi nei a méi performant Anlagen hätt een zanter 2016 och scho 25 Wandmillen nees ofgebaut.

Wandmille ginn ëmmer méi performant 

D’Wandmillen hätten donieft och eng Rei aner Virdeeler. Zum Beispill wéinst dem méi klenge Flächeverbrauch, well just de Potto um Terrain steet. De Flächeverbrauch ass also däitlech méi geréng, wéi fir Photovoltaik-Anlagen. Donieft géing et de Problem vum Kaméidi aus der Vergaangenheet haut net méi ginn. Nuets géing een um äusserste Punkt 37 dBA (Dezibel-A) emittéieren. Dat wier manner wéi eng Wäermepompel. Dofir géing d’Akzeptanz fir d’Wandmille bei de Leit och ëmmer méi grouss ginn.

Et wier och gutt, dass d’Regierung de Startschoss ginn hätt, fir dierfen an Industriezonen oder laanscht d’Autobunnen ze bauen. Fréier hat ee Bedenken nieft enger Strooss ze bauen, well een zum Beispill d’Angscht hat, dass Äis kéint eroffalen. Haut hätten d’Wandmillen Heizungen, sou dass sech keen Äis méi géing drop bilden. Et wier haut däitlech méi geféierlech bei Stuerm vu Koplescht op Miersch ze fueren, wéi laanscht eng Anlag.

Gréisste Problem fir de Bau: Naturschutz-Autorisatiounen

Bis zu 9 Joer dauert et vun der Iddi, bis d'Wandmillen un d'Netz geet. Schold wieren d'Prozeduren. Virop d'Naturschutzautorisatiounen. Dës wieren natierlech wichteg, awer deels ze streng. Notamment och an de leschte Jore bei de Fliedermais. Et wier zum Beispill verständlech, dass eng Etüd iwwert den Ëmweltimpakt ee Joer dauert, well et muss een ëmmer d’Brutzäit vun den eenzelen Aarten ofwaarden a kucken, ob Eeër an engem Nascht leien oder op d’Déier scho fort ass. Mä meeschtens géing et däitlech iwwer ee Joer erausgoen, well dann nees eng aner Expertemeenung kënnt an een dann nees muss vu vir ufänken. Aus Erfarungswäerter kéint ee soen, dass meeschtens een Drëttel bis d’Hallschent vun de Sitten, fir eng Wandmillen ze bauen, ewechfält.

Hei misst ee méi koherent a pragmatesch funktionéieren. D'Politik hätt annoncéiert an déi Richtung wëllen ze goen, wat de Soler-Direkter Paul Zeimet begréisst.

Invité vun der Redaktioun Paul Zeimet

*Dës Zuel hu mir nodréiglech korrigéiert. An enger fréierer Versioun vun dësem Artikel stoung 21 Prozent vum Energieverbrauch. Dëst ass zréckzeféieren op e Mëssel mat eisem Invité, deen am Interview nach aner Zuelen genannt huet. Am Pnec gëtt eng Differenz gemaach tëscht dem Energieverbrauch an dem Stroumverbrauch. Zum Energieverbrauch ginn am Pnec all Zorten Energie gezielt, also zum Beispill och Bensinn an Diesel aus dem Tanktourismus, etc. Entspriechend méi kléng ass also den Deel, deen déi national Stroumproduktioun aus erneierbaren Energien kann ofdecken.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.