Kannerrechter- wat ass datt? Wat fir eng ginn et a firwat si se wichteg?
Kannerrechter si Rechter fir all Persounen ënner 18 Joer. Dës si festgeschriwwen an der UN-Kannerrechtskonventioun. D’Konventioun gouf vu bal all Land ënnerschriwwen a ratifizéiert.
Et kann een d’Kannerrechter an dräi Kategorien andeelen: Versuergungsrechter, Schutzrechter a Bedeelegungsrechter. Dat heescht konkret: All Kand huet d’ Recht op eng gerecht Versuergung, op Schutz an dorop, sech matzedeelen an ze bedeelegen. De Staat ass verpflicht, alles dofir ze maachen, fir dass de Kanner hir Rechter agehalen a geschützt ginn. Ausserdeem muss hie bei politeschen Entscheedungen d’Wuel vum Kand ëmmer prioriséieren.
D’Kannerrechtskonventioun ass op véier Grondprinzippien baséiert:
- Diskriminéierungsverbuet
- D'Recht op Liewen, Iwwerliewen an Entwécklung
- Bedeelegungsrecht
- “Kindeswohlvorrang”
Wéi vill a wat fir eng Kannerrechter ginn et iwwerhaapt? A säit wéini gëtt et se?
D’ UN-Kannerrechtskonventioun ass den 20 November 1989 a Kraaft getrueden. Säitdeem gëllt dësen Dag als internationale Weltkannerdag.
Am ganze ginn et 54 Kannerrechtsartikelen, dorënner d'Recht op eng eegen Identitéit (Art. 8), Schutz viru sexuellem Mëssbrauch (Art.34), Schutz viru Gewalt (Art. 19), Zougang zur Bildung, (Art. 28), d’Recht op eng Famill (Art. 9) an d’Recht op eng fräi Meenung an Informatioun (Art. 13).
Firwat brauche mir Kannerrechter?
Kannerrechter sinn sou wichteg, well besonnesch Kanner schutzbedürfteg sinn. Se verspriechen, dass Kanner an engem sécheren a fërderlechen Ëmfeld opwuesse kënnen an dass hir Rechter respektéiert ginn. Ausserdeem sécheren dës Rechter de Kanner grondleeënd Fräiheeten an déi beschte Bedéngunge fir hir Entwécklung.
Mee leider gi Kannerrechter oft verletzt an net respektéiert.
Iwwer 64 Millioune Meedercher a Jonge weltwäit hu keen Accès zur Grondschoul. D’Ursaachen si Katastrophen, Konflikter oder politesch Tensiounen. Laut der Internationaler Aarbechtsorganisatioun (IAO) an UNICEF sinn iwwer 160 Millioune Kanner Affer vu Kanneraarbecht, sief dat a Form vu Kannerzaldoten oder Kanneraarbechter. 79 Millioune vun hinne leiden ënner Ausbeutung oder geféierlechen Aarbechtsbedéngungen.
3 vu 4 Kanner weltwäit ginn Affer vu Gewalt an alle Formen: kierperlech, sexuell an emotional. Och d’Unzuel vun Affer vun Diskriminéierung ass erschreckend héich.
Wat mécht da Lëtzebuerg, fir d’Kannerrechter ze schützen?
Lëtzebuerg huet d’Kannerrechtskonventioun de 7 Mäerz 1994 ratifizéiert. Hei am Land spillt de sozioekonomeschen Status e wichtege Facteur wat de Gesondheetszoustand, de Bildungsniveau an d’Liewenszefriddenheet ugeet. Déi doraus resultéierend Ongläichheete wierken sech op all d’Rechter aus a schränke si an hire Perspektiven an.
Et ass also wichteg,dass Kannerrechter existéieren. Mee et geet net duer, dass se existéieren, se mussen och agehale ginn. An dat net eréicht muer, mee schonn haut. De Weltkannerdag ass eng järlech Ërennerung un ee vun de wichtegsten Deeler vun der Gesellschaft an et muss weider insistéiert ginn, dass Kanner an hir Rechter geschützt ginn.