Geforen a Risike vun der digitaler Welt op Kanner a Jugendlecher
Mir liewen an enger Welt, déi sech an de leschten 10 Joer drastesch verännert huet an net méi ouni digital Technologie a sozial Medie virstellbar ass. Am Duerchschnëtt verbréngt de Mënsch en Drëttel vun der Zäit, wou ee waakresch ass, op de soziale Medien. Virdeeler vun der digitaler Welt si bekannt, mee d’Risiken an d’Gefore ginn oft verharmloost oder aus den Ae verluer. Dofir blécke mir haut op déi destruktiv Säit vun der digitaliséierter Welt.
Am Alldag gesäit een ëmmer méi kleng Kanner, déi scho vu fréi un u Bildschiermer gebonne sinn. Dëst Verhalen ass fatal fir d’Entwécklung vu Kanner a Jugendlecher.
D’Gehier entwéckelt sech bis zum 25. Liewensjoer, woubäi déi éischt Joren déi relevanst sinn. Duerch den intensiven Asaz vu Smartphones, Fernseher an Tablette gëtt dës kognitiv
Entwécklung negativ beaflosst. Beispillsweis ass e Kand vun 2 Joer net an der Lag ze
Analyséiere, wat op engem Bildschierm geschitt. Dobäi hunn et Kanner an hiren éischte Jore schwéier, tëscht der zwee- an dräidimensionaler Welt ze differenzéieren.
Problemer wéi Stëmmungsschwankungen, Gefillsstéierungen an Opmierksamkeetsdefiziter si keng nei Phenomeener. Si sinn an de leschte Joren awer ëmmer méi bei Kanner a Jugendleche präsent, wat laut de Wëssenschaftler méiglecherweis op den intensive Konsum vun de soziale Medien zeréckzeféieren ass.
Mee och jonk Erwuessener sinn net ausgeschloss. Jugendlecher hu wéinst hirer
Entwécklungsphas eng manner héich Impulskontroll an d‘kritescht Denken ass net sou ausgebaut, wat si méi empfindlech fir d’Strategie vun der Social-Media-Industrie mécht. Dës Industrie setzt bewosst Methoden an, déi de Gebrauch maximiséieren, dorënner e Belounungssystem aus „Likes, Kommentaren a Vues“. Dëst bréngt den Dopaminspigel aus dem Gläichgewiicht, wat de Risiko, fir süchteg ze ginn, erhéicht. D’Omnipresenz vu
Kuerzvideoen féiert Kanner, Jugendlecher a souguer Erwuessener dozou, vill Stonnen un de Bildschierm gebonnen ze sinn.
Duerch déi Stonnen, déi déi eenzel Persoune virum Bildschierm verbréngen, geet vill
wäertvoll Zäit verluer, déi een an aner produktiv Aarbechte stieche kéint. Oft gëtt ee vun de Methode vun der ganzer Industrie dovun ofgehal fir weider u sengen eegenen Zieler ze schaffen. Zäit an der Natur oder mat Frënn a Famill gëtt zur Bildschiermzäit. Gläichzäiteg vergiessen d‘Mënschen doduerch, dat Schéint vun der Welt wäertzeschätzen an ze genéissen. Eng Kéier an der Sucht gefaangen, ass et schwéier, d’Gewunnecht ze änneren.
Den Impakt op d’mental Gesondheet däerf net ignoréiert ginn. Éischtens ass een duerch
„d‘ideal Welt“, déi am Internet duergestallt gëtt, am konstante Verglachsdrock mat aneren, deem ee gerecht wëll ginn, wat zu Selbstwäertproblemer féiert.
Ee weidert Phenomeen, wat oft festgestallt gëtt, ass d’ „Fear of Missing out“ (FOMO). De stännegen Drang, online präsent ze sinn an Opmierksamkeet ze kréien, féiert dozou, dass een näischt verpasse wëll an iwwerall präsent wëll sinn.
Donieft huet een exzessiivt Notze vun den digitalen Déngschtleeschtungen mat all senge Konsequenzen, ee schlechten Afloss op d‘Schlofqualitéit.
Mäin Appell un iech ass, déi digital Welt mat hirem Potenzial ze notzen, awer d’Geforen an d’Risiken eescht ze huelen. Doséiert är Bildschiermzäit a schalt äert kritescht Denken an. Fir eis Zukunft an déi vun eise Kanner ass et wichteg, de gesonde Mëttelwee tëschent der digitaler Welt an der Realitéit ze fannen.