Zwee Schicksaler, Eng Welt
Mir soen dacks: “D’Kanner sinn eis Zukunft.” Ma wéi gesäit dës Zukunft wierklech aus, wann d’Rechter vun de Kanner haut net iwwerall op der Welt respektéiert ginn? De Weltkannerdag, deen all Joer gefeiert gëtt, erënnert eis drun, wéi wichteg et ass, fir eis jéngst Generatiounen zesummenzestoen an hir Rechter ze verteidegen. Fir dëst ze verstoen, wëll ech Iech zwou Geschichten erzielen, déi zwar imaginär sinn, mee d’Realitéit vu Millioune vu Kanner op der ganzer Welt illustréieren.
D’Sophie ass e klengt Meedchen, dat an engem Quartier lieft, wou hatt Zougang zu enger gudder Schoul huet an an engem Ëmfeld opwiisst, an deem hatt sech wuelfille kann. Hatt verbréngt säi Moien am Klassesall, léiert nei Saachen an entwéckelt mat der Zäit eng grouss Passioun fir d’Wëssenschaften. No der Schoul spillt hatt mat senge Frënn op enger sécherer Spillplaz, laacht a genéisst seng Kandheet. D’Sophie huet grouss Dreem. Hat wëll enges Daags Doktesch ginn, fir a sengem Duerf de Leit kënnen ze hëllefen. Hatt huet d’Méiglechkeeten an d’Ressourcen, fir säi Potenzial voll z’entfalen. Fir hatt gesäit d’Zukunft villverspriechend aus.
Am Géigesaz dozou lieft de Sami, e Jong vun néng Joer, an enger ganz anerer Realitéit. Hien däerf net an d’Schoul goen, well hien daagsiwwer schafft, fir seng Famill finanziell z’ënnerstëtzen. Seng Hänn si schonn dacks bei der haarder Aarbecht verletzt ginn a säin Owend ass gepräägt vu Middegkeet an Honger. Et gëtt keng sécher Spillplaz, keng Bicher a keng Méiglechkeet, sech weiderzëentwéckelen. De Sami huet och Dreem: hien dreemt dovun, an d’Schoul ze goen an eng besser Zukunft ze hunn. Mee dës Dreem ginn duerch déi Kämpf beanträchtegt, déi säin Alldag prägen. Fir hie gesäit d’Zukunft manner schéin aus, well him déi essentiel Rechter a Ressourcen a sengem Liewe fir de Moment feelen.
Zwee Biller, eng Welt
D’Sophie an de Sami sinn imaginär Personnagen, awer si verkierperen d’Realitéit vu villen anere Kanner weltwäit. Wärend d’Sophie eng Chance huet, ze wuessen an seng Dreem ze realiséieren, ass dem Sami seng Zukunft duerch Ongerechtegkeeten an e Mangel un néidege Moyene limitéiert. Dëst ass eng schmäerzhaft Wourecht, mee et muss net esou bleiwen.
Firwat Mir Elo Handele mussen
Kannerrechter si kee Luxus, mee eng Grondlag fir eng gerecht a stabil Gesellschaft. All Kand huet d’Recht op Bildung, eng eng medezinesch Versuergung a Sécherheet. Wa mir dës Rechter haut net schützen an ënnerstëtzen, verléieren net nëmmen d’Kanner hir Zukunft, mee mir verléieren als Gesellschaft eis Hoffnungen an eist Potenzial fir eng besser a méi gerecht Welt. Mir mussen elo handelen duerch Investitiounen, Initiativen a politesch Entscheedungen, déi d’Rechter vun de Kanner stäerken a garantéieren.
Mir kënnen eng Zukunft bauen, wou all Kand, egal, aus wéi engem Land oder Ëmfeld, seng Dreem ausliewe kann. Mir kënnen net just vun enger besserer Zukunft schwätzen, mir mussen se och schafen – an dat fänkt haut un.