Mam Expert fir psychosomatesch Krankheeten hu mir iwwert d'Sujete Burnout a mental Gesondheet geschwat.

"Pass op, dass de kee Burnout kriss", dat ass e Saz, deen een hautzedaags ëmmer erëm an der Aarbechtswelt héiert. Vill Leit gi stressbedéngt krankgemellt. An Däitschland fäerten 61 % vun de Leit, déi schaffe ginn, dass se wéinst Iwwerbelaaschtung krank ginn. Et gi keng kloer Statistiken hei am Land iwwer Burnout, mä och zu Lëtzebuerg gëtt domat gerechent, dass 50 bis 60 % vun alle Krankmeldungen op psychosozial Problemer zréckginn. Um Mëttwoch den Owend waren zwee däitsch Experten op Invitatioun vum Centre médical aus dem Rollenger Gronn am Centre Barbelet zu Stroossen, fir e Virtrag iwwer Burnout.

Den Dokter Manfred Nelting ass Generalist a Facharzt fir psychosomatesch Medezin a Psychotherapie. A säi Fils Fritjof Nelting ass Therapeut fir klinesch Psychoneuroimmunologie. Béid leede Klinicken an Däitschland fir psychosomatesch Krankheeten. De Fritjof Nelting war e Mëttwoch den Owend fir en Interview am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg, fir ënnert anerem ze erklären, wat eng klinesch Psychoneuroimmunologie ass, ob een d'Zuele vun Däitschland a Lëtzebuerg vergläiche kann, a wéini een eigentlech vun engem Burnout schwätzt.

De Fritjof Nelting huet erkläert, dass et keen typesche Burnout-Patient gëtt, dass awer zum Beispill Leit, déi a soziale Beruffer schaffen, éischter betraff kënne sinn.

En huet dann och bestätegt. dass d'mental Gesondheet vu jonke Leit staark menacéiert ass. Hei spille Faktore wéi Angscht viru Krich, Angscht viru Klimaverännerungen, Angscht viru kënschtlecher Intelligenz oder d'Fro nom Sënn vum Liewen eng Roll.

Den Dokter Nelting huet op d'Wichtegkeet vu Preventioun higewisen. Si nennen dat "Liewensfleeg", deemno d'Basis an d'Freed un enger gudder Gesondheet. Dofir géif een e Kompass brauchen, eng Orientéierung, woufir et sech eigentlech lount iergendeppes ze maachen. Ob dat eng Verännerung an der Ernierung ass, an der Beweegung oder an der Aart a Weis wéi mir liewen a schaffen. Et misst een och léieren ze erkennen, wat et bedeit midd ze sinn, wat et bedeit un der Grenz ze sinn an dann eng bewosst Entscheedung ze treffen, ob een iwwert déi Grenz wëll goen. Heiansdo ass dat an der Rei, heiansdo awer och net. Mëttlerweil ass een dacks dauerhaft driwwer.