Nieft Accidenter tëscht Autoen, gouf et och en Accident mat engem Quad, wouduerch och de Rettungshelikopter an den Asaz geruff gouf.

Kuerz viru Mëtteg sinn zu Rodange an der Route de Luxembourg zwee Autoen net laanschtenee komm. De CGDIS mellt hei ee Blesséierten.

Géint 13.40 Auer huet sech zu Housen op der Haaptstrooss eng Persoun mat engem Quad iwwerschloen. Nieft enger Ambulanz vu Clierf an de Pompjeeë vun Housen, gouf och de Rettungshelikopter op d'Plaz geruff. Rieds ass vun engem Blesséierten.

Zu Bierchem an de Beetebuerger Strooss ass dann och en Auto op der Kopp gelant, dëst kuerz no 16 Auer. Ee Blesséierten huet hei musse versuergt ginn.

Um 16.15 Auer koum et zu Dippech zu engem Accident mat 2 Autoen, bei deem 3 Persoune blesséiert goufen. Ambulanze vu Mamer a Stengefort waren op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi d'Pompjeeë vun Dippech.