
Am Kader vun hirer Assemblée générale huet de Luxembourg City Tourist Office nei Zuele fir d'Joer 2025 bekannt ginn. Deemno hu méi wéi 257.000 Leit zejoert d'Kasematten besicht.
Och d'Visites guidés ware staark gefrot, dat mat bal 4.900 Touren, déi organiséiert goufen. D'Visitte vum Palais ware souguer komplett ausgebucht, dat mat bal 10.000 Participanten am Joer 2025.
Iwwer 180.000 Visiteuren sinn iwwerdeems beim LCTO um Knuedler passéiert. De Gros dovunner waren Däitscher, Fransousen, Hollänner an awer och Lëtzebuerger.
Och digital gesäit de Bilan vun zejoert gutt aus: Den Internetsite vum LCTO hat 1,3 Millioune Visiteuren an och op de Soziale Medie sinn d'Vuen am leschte Joer staark geklommen. Nieft dem digitale Wuesstem bleift awer och de perséinleche Kontakt wichteg – mat ënnert anerem neie Servicer, wéi de "Luxembourg Welcomers", déi Touristen op verschidde Plazen an der Stad begleeden an informéieren.