Beim Abroch an der Nuecht vum 29. op den 30. Juni an eng Crèche zu Péiteng huet den Täter Suen an Tablette geklaut.

Wéinst dësem Tëschefall am Süde vum Land sicht d'Police elo unhand vu Fotoen no Indicen. D'Persounen, déi eppes matkritt hunn oder den Täter erkennen, solle sech bei der Police vun Déifferdeng um (+352) 244 53 1000 oder per E-Mail op Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu mellen.

Da mellt d'Police awer och nach ganz rezent Abréch, dat an en Haus an der Rue de la Gendarmerie zu Rodange, wou d'Täter e Méindeg de Mëtteg verschidde Géigestänn klaue konnten. Bei engem Versuch ass et dunn zu Éiter an der Kanecherstrooss bliwwen, well den Täter sech keen Zougang zum Haus verschafe konnt. Ermëttlunge goufen ageleet.

Tipps, wéi ee sech géint Abréch schütze kann, fënnt een um Site vun der Police.

Bei engem weideren Tëschefall am Garer Quartier an der Stad krut e Mann Sue geklaut, nodeem hien dës just virdrun un engem Bankomat opgehuewen hat. Déi Onéierlech hunn d'Affer kierperlech attackéiert, ouni datt d'Affer dobäi awer blesséiert gouf. D'Sich vun der Police blouf ouni Resultat.