Statec
Lëtzebuerger Residentë spuere weiderhi mat am meeschten an Europa
© AFP
Am Joer 2023 hunn d'Lëtzebuerger Residenten an der Moyenne 18 Prozent vun hirem Salaire op d'Säit geluecht, wéi de Statec matdeelt.
Zuele fir d'Joer 2024 ginn et nach keng, mä och do wäert Lëtzebuerg wuel zu deenen europäesche Länner gehéieren, an deenen d'Residenten am meeschte spueren.
Well d'Präisser aktuell net méi esou séier klammen an d'Inflatioun am Oktober op 1 Prozent gefall ass, wäert deen een oder anere bestëmmt nach e puer Su méi op d'Säit geluecht hunn oder deemnächst leeën. Ufank 2025 soll jo ëmmerhin eng Indextranche kommen.
Am meeschte gelies