
D'Gewerkschaften OGBL an LCGB reagéieren an engem Communiqué op de Gesetzesprojet, dee virgesäit, de Beruff vum Infirmier opzewäerten a méi attraktiv ze maachen. Dëse gouf jo am Mäerz vun der zoustänneger Ministesch Martine Deprez deposéiert. De Gewerkschaften no géif den Text net wäit genuch goen: amplaz vun enger ambitiéiser Reform, géif den Text an der Haaptsaach Kompetenzen, déi et scho ginn, restrukturéieren an ëmformuléieren.
Et géif och kee Kader geschaaft ginn, an deem Infirmierë méi Autonomie kéinte kréien. Obwuel d'Infirmieren eng zentral Achs vun eisem Gesondheetssystem géifen duerstellen, esou géife se mam Gesetzesprojet weder déi néideg juristesch Ofsécherung, nach déi erwaarte professionell Perspektive gebuede kréien, esou nach d'Gewerkschaften.