Lëtzebuerger Sozialmodell ass a Gefor
Déi zwou Gewerkschaften an d'Partei souzen zesummen, fir iwwer d'Problematik ze schwätzen an hu festgehalen, datt si d'sozial Acquise verdeedege wäerten.
"De Lëtzebuerger Sozialmodell ass a Gefor. Et muss zesummegeschafft ginn, fir d'Rechter vun de Gewerkschaftler an de Salariéeën ze garantéieren". Esou ass e gemeinsaamt Schreiwes vum OGBL, LCGB an de Gréngen iwwerschriwwen.
Déi lescht Wochen hätte gewisen, datt esouwuel de Modell vun der Tripartite wéi och de Sozialdialog duerch d'Regierung a Gefor wieren. Den Aarbechtsminister géif versichen, d'Syndikater ze schwächen, andeems hien e richtegen Dialog mat hinne refuséiert an net kloer drop ageet, wéi ee Rôle se an Zukunft zu Lëtzebuerg solle spillen.