Falschen Alarm
Et gouf e gréissere Policeasaz op der Areler Strooss an der Stad
© Domingos Oliveira
Kuerz viru 16 Auer en Dënschdeg war e gréissere Policeasaz op der Areler Strooss op der Grenz tëscht der Stad a Stroossen.
Beamten hunn no enger "suspekter Meldung" aus engem Finanzinstitut an der Route d'Arlon d'Gebai iwwerpréift. Kuerz no 16.30 Auer huet d’Police eis matgedeelt, datt den Asaz schonn eriwwer ass. Et wier e "falschen Alarm" gewiescht.
Eng gutt honnert Persoune goufe wéinst dem Asaz op d'Areler Strooss evakuéiert. En Deel vun der Strooss war a béide Richtunge gespaart, wat natierlech zu Perturbatiounen am Verkéier gefouert huet.
© Domingos Oliveira
Am meeschte gelies