Zu Conter gouf an der Industriezon Weiergewan eng Hal zu enger Flüchtlingsstruktur fir bis zu 1.000 Leit ëmgebaut, ma bis haut ni als esou eng genotzt.

Am Februar 2022 huet Russland d'Ukrain iwwerfall. Bannent kuerzer Zäit si méi wéi eng Millioun Mënsche geflücht. De Rescht vun Europa huet sech preparéiert, fir Leit opzehuelen, dorënner och Lëtzebuerg. An der Industriezon Weiergewan zu Conter gouf bannent e puer Deeg eng Hal esou ëmgebaut, datt bis zu 1.000 Persounen hätte kënnen opgeholl ginn. Ma bis haut gouf d'Hall ni als Flüchtlingsstruktur genotzt. Dofir streide sech de Proprietär vum Gebai an de Staat doriwwer, wie fir d'Käschte vum Ëmbau opkomme muss.

Sträit ëm eng geplangte Flüchtlingsstruktur zu Conter (Reportage Marc Hoscheid)

Am Joer 2021 hat eng Entreprise, déi zum Groupe Guy Rollinger gehéiert, d'Hal kaaft. Wéi d'Regierung ee Joer méi spéit op der Sich no Raimlechkeete fir eng grouss Flüchtlingsstruktur war, hätt een eng Partie Sitte proposéiert, um Enn wier d'Wiel vum Office national de l'accueil wéinst der Gréisst op d'Hal zu Conter gefall. Den 9. Mäerz 2022 gouf ugefaangen, d'Hal ëmzebauen. D'Käschten hätte sech op ronn 580.000 Euro chiffréiert. De Patrick Martins ass eegener Ausso no déi riets Hand vu sengem Chef Guy Rollinger a beschreift, wéi eng Aarbechte gemaach goufen.

"Dat war alles, wat u Sanitär do ënnen ass, also d'Duschen, d'Uschlëss, d'Elektresch, d'Steckdouse fir d'Leit, d'Heizungen. Baussen hate mer souguer mam Fierschter zesummen ee Refuge gemaach, fir datt Déieren och direkt kéinten accueilléiert ginn. Mir hu Feieranlagen organiséiert, alles, alles am Fong. Fir, datt d'Hal an dräi Deeg prett wier, fir Leit ze accueilléieren, och wann de Feierschutz leider nach net do war." 

Wärend d'Arméi eng 1.000 Better geliwwert hat, huet de CGDIS se opgebaut. Et gouf och eng Kichen installéiert a 50 Wäschmaschinne kaaft. Déi 580.000 Euro hätt een elo gäre vum Staat zeréck, well d'Hal ni als Centre d'accueil fir Flüchtlinge geduecht war. Doriwwer eraus fuerdert een och nach weider Sue vum Staat.

"Mir haten ee Loyer vu 70.000 Euro de Mount ab Mäerz 2022, wou mer nach ëmmer kënnen eens ginn, well et ass jo näischt ginn zum Schluss. Dat heescht, si mussen net alles bezuelen, mee de Problem, dee mer hunn, ënnen an der Hal hate si awer e puer Méint laang Saachen entreposéiert, domadder hate mir näischt ze dinn."

Op d'mannst wat déi 580.000 Euro ugeet, ass ee sech am Fong mam ONA an dem Familljeministère eens. An engem Schreiwes vum 4. Januar dëst Joer, dat vum zoustännege Familljeminister Max Hahn ënnerschriwwen ass, heescht et, datt een d'Depensë fir den Ëmbau aus dem Joer 2022 iwwerhuele wäert, wann eng detailléiert Rechnung erageschéckt gëtt. Dat huet d'Entreprise och gemaach, ma d'Sue goufen awer nach ëmmer net iwwerwisen.

Datt d'Hal nach ëmmer net als Flüchtlingsstruktur genotzt gëtt, erkläert de Familljeministère op Nofro hi schrëftlech domadder, datt de Groupe Rollinger net deen eenzege Proprietär vum Terrain wier an de Koproprietär keng esou eng Struktur do wéilt. Dat kann de Patrick Martins awer net novollzéien.

"Den Noper hat déi éischt Deeg gemeckert, wou mer hei op der Plaz waren an huet gesot, hie wéilt dat net. Do ass den Här Rollinger op d'Plaz komm an du krute mer vum Staat gesot, mir kënnen och d'Requisitioun huelen, wann de Mann lo sou eng opféiert. Du sote mir nee, mir ginn eens mam Mann a mir sinn eens ginn an dowéinst ass et ëmmer virugaangen. Dat heescht, hie war och déi éischt Deeg averstanen, fir et ze maachen, hien huet sech net opposéiert. 15 Méint drop meckert en, ouni Grond fir eis."

Am Januar a Februar gouf et zu Conter op der Gemeng nach eng Kéier Reunioune mam Guy Rollinger an dem ONA-Direkter Yves Piron. Den ONA proposéiert lo eng méi kleng Struktur fir bis zu 325 Persounen an Nout, dat missten och keng Ukrainer sinn. Deemno wéi kéinten och Residenten, déi vun enger Naturkatastroph betraff sinn, do ënnerkommen. Der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet no ass d'Gemeng fir déi Iddi nach ëmmer oppen.

"Deen Avant-projet, provisoresch, betounen ech, gesäit ganz flott aus. Dat gëtt bannendran ënnerdeelt, datt d'Leit eng gewëss Intimitéit hunn, bëssi wéi kleng Appartementer. Dat huet lo ganz flott ausgesinn, mee zanterhier, Februar, hu mir näischt méi héieren. Ech mengen dat ass dee Projet, dee muss de Ministère maachen, do ass d'Gemeng raus. Mir äntwere just op eng Baugeneemegung, wann déi erakënnt a méi hu mir domadder net ze dinn."

Wann ee sech net geschwënn eens géing ginn, wëllt ee beim Groupe Guy Rollinger viru Geriicht goen. Op d'mannst mat Bléck op de Loyer dierft dat awer zimmlech schwéier ginn. Et gëtt nämlech kee schrëftleche Kontrakt.