25. Anniversaire vun UNESCO-Schoulen zu Lëtzebuerg
Grad an dësen Zäite sinn et warscheinlech Wäerter, déi de Schülerinnen a Schüler gutt dinn: déi vun der UNESCO.
Zu dëse gehéiert zum Beispill sech fir de Fridden an déi nohalteg Entwécklung anzesetzen.
Hei am Land si 16 Schoulen – Primär a Secondaire - Deel vum UNESCO-Reseau. Déi éischt war d‘Grondschoul zu Munneref viru 25 Joer. Deen Anniversaire gouf en Donneschdeg mat enger prominent besichter Séance académique gefeiert. De Regionaldirekter Marco Suman besicht zu Munneref dee Mann, dee virun 25 Joer d‘Iddi hat, dës Schoul beim UNESCO-Programm unzemellen.












































































































































































































































































































































































































































































































































































De Paul Sandt, President Munnerefer Grondschoul erkläert, wéi de Projet deemools ausgesinn huet: "De Projet vu Munneref deemools war e Rallye duerch d‘Stad Lëtzebuerg, dat eenzegt Weltkulturierwen dat mir aktuell hunn. Dat wollt eis Schoul op eng pedagogesch Aart a Weis esou ausschaffen, dass de Rallye och fir Kanner geduecht ass."
E wichtegt Zil ass dann och, dass d'Kanner vu ganz fréi u kulturell a gesellschaftlech sënnvoll Wäerter matkréien.
Nieft interessanten Ausflich ginn d‘UNESCO-Wäerter de 16 Schoulen, déi antëscht matmaachen, eng pedagogesch Richtlinn. Zanter 2009 verlaangt de Ministère och vun de Schoulen, dass se eng Identitéit entwéckelen, wéi de Marco Suman, Regionaldirekter fir Réimech erkläert: "Dat ass dann eng Aufgab, déi ze maachen ass. Déi Munnerefer Schoul schafft elo scho ganz laang un Nohaltegkeet, Friddenserzéiung a Kultur. Do entsprange jo Ziler vu sou engem Entwécklungsplang quasi automatesch.“
Et brauch natierlech Léierpersonal, dat wéi de Paul Sandt och nieft den normale Schoulstonnen u flotte Projeten schafft. Och si kréie beim 25. Gebuertsdag vun den UNESCO-Schoulen Merci gesot. Esou huet de Kulturminister Eric Thill, den Engagement vun den Enseignanten ervirgehuewen: "Duerch Ären Engagement an Är Bereetschaft, nei Weeër ze goen, gitt dir de Jonken déi Wäerter mat, déi si brauchen, fir eng méi gerecht an nohalteg Zukunft ze gestalten"
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet dann un d'Aufgab vun der Schoul erënnert, mëndeg Bierger ervirzebréngen: "Schoul huet vill Missiounen. Se soll Wëssen a Kompetenzen vermëttelen an d‘Kanner op d‘Beruffsliewen virbereeden. Schoul huet awer och, méi ewéi jee, déi zentral Aufgab, fir mëndeg Bierger ervirzebréngen."






No engem artisteschen Intermezzi vu Schülerinnen a Schüler huet dann d'Grande-Duchesse Maria Teresa un déi zentral Wäerter vun der UNESCO erënnert: "An dir all drot déi Kultur vum Fridden an iech a mir vertrauen iech, dass dir se weidergitt."
A Fridden am Schoulhaff ass jo scho Mol e gudden Ufank.