De Premierminister ka sech virstellen, d'Resultater vun der Biergerconsultatioun iwwert eng méiglech Pensiounsreform der Chamber zur Verfügung ze stellen.

Dat sous reserve vum Dateschutz. Hie géing dat mathuelen als Suggestioun, déi seng Ënnerstëtzung kéint fannen.

Dat äntwert de Premier dem LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo op seng Fro an der Chamber. Bis leschte Sonndeg konnte Bierger hir Meenung iwwer d'Plattform "Pensioun schwätz mat" erareechen. Eng 2.000 Bäiträg waren do erakomm.