D'CNS huet a leschter Zäit probéiert, hir Systemer ze optimiséieren, fir de Kontakt mat den Assuréen ze verbesseren.

Dat dréit mëttlerweil och éischt Friichten, schreift d'Gesondheetskeess e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué. Et wier méi einfach, fir e Rendez-vous ze huelen. Eng 280 Assurée méi pro Woch kéinten och empfaange ginn an d’Waardezäite wiere méi kuerz ginn. Och d'Telefonszentral gouf verstäerkt, sou dass méi wéi 3000 Uriff d'Woch zousätzlech kéinten traitéiert ginn.

D'CNS gëtt all Woch iwwregens eng 16.000 Mol consultéiert, haaptsächlech mat Demanden no Remboursementer, fir e Rendez-vous oder Informatiounen iwwert eng Aarbechtsonfäegkeet.