D’Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn en Dënschdeg jo mat engem Generalstreik gedreet, wann d’Regierung u sozial a gewerkschaftlech Acquise géing goen.

Mir hunn de Georges Mischo um Donneschdeg ëm eng Reaktioun gefrot: den Aarbechtsminister sot, hie wier zouversiichtlech, datt et kee Generalstreik wäert ginn an datt den Dialog mat de Sozialpartner géing virugoen. D’Gewerkschafte wieren an hirem Rôle, esou den Aarbechtsminister. Hie géing d’”martialesch Téin” awer bedaueren an hoffen, datt "se geschwë fäerdeg wieren".
 
Huet d’Regierung dann nach ëmmer Wëlles, d’Kollektivveträg ze "verwässeren"? De Georges Mischo huet geäntwert: "De Premier huet do eng Ausso gemaach, ech hunn als Aarbechtsminister eng Ausso gemaach. Dat do wäert sécher nach eng Kéier als Thema vum CPTE (Comité permanent du travail et de l’emploi) diskutéiert ginn. An da wäerte mer hoffentlech ganz souverän a ganz normal kënne mateneen diskutéieren, wat do ka geschéien a wat net ka geschéien".