D‘EU wëll Nohaltegkeet vergläichbar maachen. Grouss Entreprisë sollen dofir beleeën, wéi nohalteg si sinn. E puer honnert Firmen zu Lëtzebuerg si betraff.

D'Zil vun de meeschten Entreprisen ass ganz einfach: Beneficer maachen. Awer: all Betrib ass och un eng Zuel vu Gesetzer a Virschrëfte gebonnen. Do donieft gëtt et e Verhalen, dat vun der Politik gewënscht gëtt. Den Entrepreneuriat gëtt also staark reglementéiert. D‘Bürokratie hëlt an all Secteur zanter Joerzéngten zou. Obwuel de Géigendeel versprach gëtt.

Elo gëtt et och eng nei EU-Direktiv, déi et a sech huet. D‘Betriber ginn opgefuerdert, iwwer Ëmwelt-Mesuren a Betriibsmanagement ze beriichten. Dëse Rapport muss no spezifesche Krittären erfëllt ginn - dem ESG. Also Ëmwelt-, Sozial- a Gouvernance-Krittären. Wat d‘Wäerter besser sinn, wat de Betrib besser fir d‘Ëmwelt an d‘Aktionären ass. Esou op d‘mannst ass dat d‘Vue vu Bréissel.

"Mat den neie Bestëmmunge gëtt séchergestallt, datt Investisseuren an aner Interessenten Zougang zu den Informatiounen hunn, déi se brauchen, fir den Impakt vu Betriber op Mënsch an Ëmwelt ze bewäerten (…) ", steet um Site vun der EU.

Ugangs solle just grouss Entreprisë rapportéieren: Also Betriber, déi méi ewéi 500 Mataarbechter hunn an op der Bourse sinn. Gesammelt ginn iwwer 1.000 Datepunkten, déi all Joers mussen ageschéckt ginn. Zu Lëtzebuerg sinn Aschätzunge vum House of Sustanibilty no tëscht 400 an 1000 Betriber betraff. Ma dee Krees soll sech lues awer sécher vergréisseren, esou d'Juliette Petit, Sustainability Advisor vum House of Sustainability.

"Vun dësem Joer u mussen also déi Entreprisen hire Rapport fir 2026 maachen, déi 2 vun dësen 3 Krittären erfëllen: 250 Mataarbechter, 50 Milliounen Euro Chiffre d‘Affaire oder 25 Milliounen Euro um totale Bilan. Déi kotéiert PME'en, déi dann hire Rapport fir 2027 era reeche mussen, kënnen eng Derogatioun bis 2029 kréien."

Kleng a Mëttelbetriber sinn offiziell net vun der Bestëmmung betraff. Mussen also keng Rapporten ofginn. Et gëtt awer een Hoken. Grouss Entreprisen, déi ënnert d‘Krittäre falen, mussen hir ganz Liwwerketten oppeleeën. Also och kleng Betriber, déi dës beliwweren, mussen deenen also fir Fro an Äntwert bereet stoen. Fir kleng Entreprisen eng grouss Erausfuerderung.

D‘Betriber fäerten iwwert déi nächst Joren e Bürokratie-Monster. D'Juliette Petit: "Et sinn natierlech Ängschten, déi verständlech sinn. Et ass en neien Exercice. En ass komplex, implizéiert vill Aarbecht an de Betrib muss sech adaptéieren. D‘Reaktioun ass also verständlech. Et ass da vläicht awer net ganz e bürokratesch Monster. Den Exercice vun der duebeler Materialitéit léist och zou, datt een net op all Punkten äntwere muss, déi an der 'Line directrice' stinn. De Rapport kann also liicht ofgekierzt ginn."

D‘Iddi hannert dem "Reporting" ass op all Fall eng positiv, esou d‘Marion Lupin vun der Europäescher Koalitioun fir Gerechtegkeet bei Entreprisen: "Wann een eng effikass Vigilance wëll, da brauch een als Basis en uerdentlechen a komplette 'Reporting" vun den Entreprisen. Et geet hei net drëms, den Organer zu Bréissel oder soss Stied ze gefalen. Mee et geet drëms, datt d‘Entreprisen eng déifgräifend Connaissance vun hire Liwwerketten an den Impakter, déi dës kënnen hunn, hunn. An dës Informatioune gi gebraucht, fir konkret ze wëssen, wat ronderëm sech geschitt."

Vu Säite vun der EU gëtt no der viller Opreegung an de leschte Wochen no Alternative gesicht. Ënnert anerem d‘Méiglechkeet eng Omnibus-Reglementatioun anzeféieren, déi d‘administrativ Chargë vun den Entreprisë kombinéiert.
D‘Kritik vun den Entreprisen awer bleift: De Bürokratie-Ofbau réckelt alt nees e Schrëtt méi wäit ewech.