Leit, déi Wunnengen um Plang kafen, also ier se gebaut sinn, solle besser geschützt ginn. Dat fuerdert d'LSAP an enger entspriechender Motioun.

Méi Schutz fir Keefer um Plang / Reportage: François Aulner

D'Oppositiounspartei huet dës en Dënschdegmoien op enger Pressekonferenz presentéiert an duerno an der Chamber deposéiert. Der LSAP no misst um Marché vun den Neibauprojeten, de sougenannte Vefa (vente en état futur d’achèvement), nees Vertrauen hiergestallt ginn.
 
Déi grouss Skepsis um Marché vun den neie Projeten, déi um Plang verkaf ginn, wier der LSAP no och dorobber zeréckzeféieren, datt et zu ëmmer méi Retarde komm wier oder esouguer Faillitten a Keefer duerno am Ree stoungen. D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet op "vereenzelt Fäll" higewisen, déi och an der Press e Sujet waren. De legale Kader géing nach bis op d'70er Joren zeréckgoen an a Frankräich an an der Belsch wier moderniséiert ginn. Op de Virworf, datt d'LSAP 20 Joer um Rudder war, huet si geäntwert, et géing "nei Entwécklunge" ginn. Als Oppositiounspartei wéilt ee sech mat konkrete Piste "konstruktiv" abréngen, fir d’Keefer besser ze schützen.
 
D'LSAP-Deputéiert Paulette Lenert war en Dënschdegmoien zimmlech opbruecht géint de Premier Luc Frieden, well dee rezent an Interviewe sot, hie wéilt näischt an deem Zesummenhang ënnerhuelen a léiwer steierlech Virdeeler fir d’Investisseuren decidéiert an elo verlängert hätt. Déi aktuell Garantie d’achèvement oder Remboursementer, am Fall wou e Promoteur eng Wunneng net liwwert, géingen net duergoen. Éischtens géing et d’Viraussetzung ginn, datt een iwwerhaapt festgestallt kritt, datt de Bau net virukéim. "Dat bedeit fir vill Leit op d’Geriicht goen an dat ass mat Onkäschte verbonnen an zäitopwänneg", esou d’Paulette Lenert. Vill Leit géingen opginn oder sech mat manner zefridde ginn, ewéi se eigentlech zegutt hätten.

10 Propositiounen

Der LSAP géing et drëms goen, datt d’Leit all hir Suen zeréckkréien, mee och de Wäert vum Terrain. Dacks wiere Keefer nämlech a Co-Proprietéit a bei engem Baustopp wiere se mam Terrain da blockéiert, well et och schwiereg wier, nei Betriber ze fannen, fir d’Aarbechten z’iwwerhuelen oder ofzeschléissen.
 
D’Suen och fir den Terrain zeréckkréien, ass eng vun de Propose vun der LSAP. Donieft proposéiert se ënnert anerem méi séier geriichtlech Prozeduren, méi präzis Informatiounen am Cahier des charges oder nach d'Verbuet vun der automatescher Indexéierung vu Méikäschte beim Bau. Kléngt dat alles net nees no méi Contrainten a méi Käschte fir d’Entreprisen am Bau? D’Taina Bofferding mengt: "dat ass net sécher, datt méi Käschte kommen, eis ass et wichteg, datt et kloer Reegele gëtt fir jiddereen". Déi entspriechend "Charte" vun der Chambre immobilière huet d’LSAP-Fraktiounscheffin begréisst, mee déi wier just fräiwëlleg. Dat alles misst am Gesetz an an de Reglementer stoen.
 
D’Paulette Lenert huet dann och méi Donnéeën iwwer d’Situatioun um Wunnengsmaart gefuerdert, notamment eben iwwer d’Venten um Plang. Als fréier Gesondheetsministesch wéisst si, datt een och a Krisenzäite relativ séier kéint Donnéeë sammelen. D'Taina Bofferding, bis virun engem Joer nach Inneministesch, huet d’Regierung dann au passage kritiséiert, well hir Projete fir d’Reform vun der Grondsteier, fir eng Mobiliséierungstax, fir e Remembrement ministériel oder nach fir de Baulandvertrag all am Frigo gelant wieren. Der LSAP no géing et der CSV an der DP u politeschem Courage feelen.