Betriber zu Lëtzebuerg musse méi produktiv ginn, fir kënne kompetitiv ze bleiwen
© Domingos Oliveira
Grad an Zäite vu Kricher a Krisen op der ganzer Welt misst de Grand-duché méi resilient ginn, fënnt d'Chambre de commerce.
Hei huet ee sech ugekuckt, wat d‘Welt vun haut esou onsécher mécht. Dozou gehéieren natierlech Kricher an de Klimawandel, ma och eng Populatioun, déi ëmmer méi al gëtt, oder rietspopulistesch Tendenzen an der Politik, mat einfache Solutiounen op komplex Probleemer. D‘Léisung, wéi Lëtzebuerg sech besser kann opstellen, liwwert d‘Handelskammer dann och direkt mat.
Stéchwuert Produktivitéit. Déi ass an de leschte Joren net substantiell gewuess an doduerch ka Lëtzebuerg iwwer kuerz oder laang op internationalem Plang net méi mathalen. Am Verglach mat den USA huet Europa allgemeng u Kompetitivitéit verluer. Dat wier gréisstendeels op e Manktem un Investitiounen an Innovatiounen an Europa zeréckzeféieren.
Eng Ëmfro bei de Betriber zu Lëtzebuerg huet erginn, datt zwar bal zwee Drëttel vun den Entreprisen an d‘Innovatioun investéieren, ma net immens vill. Der Christel Chatelain vun der Chambre de Commerce no, bleift deemno nach Loft no uewen.
"On a donc environ la moitié des entreprises qui ont innové, qui ont consacré moins de 5 % de leur chiffre d' affaires à l 'innovation. Et la plupart des entreprises ont vu leurs investissements dédiés à l 'innovation soit rester stables, donc pour environ 55 % d 'entre elles, soit même diminué pour 10 %. Et seulement un tiers des entreprises ont augmenté donc leurs investissements dans l 'innovation au cours des trois dernières années."
Dobäi hu vill Betriber, déi nei Weeër gaange sinn, direkt en Effekt op hir Produktivitéit gespuert.
"Parmi celles qui disent avoir innové donc au cours de ces trois dernières années, 55 % d 'entre elles disent avoir eu un effet donc sur la productivité. Donc on voit les bienfaits de ce que l 'innovation peut apporter. On a aussi une amélioration de la qualité des biens, une amélioration de la rentabilité. Donc l'innovation doit être poussée pour accroître donc la productivité luxembourgeoise et la productivité des entreprises en général."
Déi meeschte Suerge maachen de Betriber awer weider de Manktem u qualifizéiertem Personal an d‘Personalkäschten. Fir een Drëttel vun hinne suerge Facteure wéi d‘Zënse fir Kappzerbrieches. Méi wéi ee Véierel nennt déi sëllege Reegelen, un déi sech muss gehale ginn, als Erausfuerderung fir säi Betrib.
Ma trotz allem, weist sech den Direkter vun der Chambre de commerce, Carlo Thelen, weider positiv.
"Och wa mir héich Käschten hunn zu Lëtzebuerg, ginn et awer Méiglechkeeten, fir ganz innovativ Produkter weltwäit ze verkafen a mir féieren eis Diversifikatiounspolitik weider. Mir gesinn do Beräicher wéi Artificial Intelligence, Defense awer och Healthtec, Fintech, Ekotechnologien, Logistik an iwwerhaapt eis Datenekonomie. Do gesi mir wierklech Beräicher wou Lëtzebuerg ganz vill Forcen huet an déi droen dozou bäi, datt mir awer kënne méi positiv an d‘Zukunft kucken, och wann et ronderëm eis iwwerall Onsécherheetsfacteure ginn."
Derbäi kéim, datt et zu Lëtzebuerg ëmmer nach e stabilt Ëmfeld gëtt, esouwuel politesch wéi finanztechnesch, mat enger funktiounsfäeger Regierung a Reformprozesser déi lafen.
Eng vun de wichtegste Reformen ass, der Chambre de commerce no, déi administrativ Vereinfachung. Dofir schafft si aktuell fir d'Regierung eng Lëscht mat konkrete Verbesserungsvirschléi aus, déi de Betriber d'Liewen e gutt Stéck géife méi einfach maachen.



