Wie sinn déi beléiftste Politiker hei am Land a wéi schätzen d'Bierger d'Aarbecht vun der Regierung an? Ënner anerem dat hu mer beim Politmonitor gefrot.

Aus dem Stand op déi drëtte Plaz vun de beléiftste Politiker hei am Land: dat ass dem Charel Goerens vun der DP beim neiste Politmonitor gelongen, deen d'Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert huet. Dat ass wéinst sengem Bekanntheetsgrad zwar keng riseg Iwwerraschung. Et war bei dësem Sondage eben nei, dass d‘Europadeputéiert och eng Optioun am Questionnaire waren.

Politmonitor: Beléiftste Politiker / Reportage Pierre Jans

De Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen ass de gréisste Gewënner am Politmonitor. Dem CSV-Politiker säi Succès op europäeschem Niveau katapultéiert hien an d‘Top Ten vun de beléiftste Politiker. Plus 15 Punkten an der Moyenne vu Kompetenz a Sympathie an domat eng 9. Plaz fir de Christophe Hansen.

Bettel a Lenert weider un der Spëtzt

Op den éischten zwou Plaze gëtt et keng Verännerung par Rapport zum Politmonitor am Mäerz. Den Ausseminister Xavier Bettel vun der Demokratescher Partei féiert d‘Lëscht un. D‘Paulette Lenert vun der Oppositiounspartei LSAP bleift trotz Verloschter hannendrun op der zweeter Plaz. De Premierminister Luc Frieden vun der CSV huet e stabille Score, verléiert awer seng 3. Plaz un de Charel Goerens.

D‘Plaze 5 a 6 sinn a bloer Hand. Hannert der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer kënnt de Wirtschaftsminister Lex Delles.

Déi Befroten hunn de Chamberpresident Claude Wiseler vun der CSV an d‘LSAP-Deputéiert Taina Bofferding punktgläich op d‘Plaze 7 an 8 gewielt. Déi blo Transportministesch Yuriko Backes rutscht an d‘Top 10, och well d‘Sam Tanson vun déi Gréng manner gutt ofgeschnidden huet, wéi am Mäerz. Esou ass och d‘Martine Hansen, d‘Landwirtschaftsministesch vun der CSV, knapps net méi bei den 10 Éischten dobäi.

Turbulenzen an der Partei loosse Piraten ofstierzen

Gréisste Verléierer am neiste Politmonitor ass ganz kloer de Sven Clement vun de Piraten. D‘Turbulenze ronderëm hien a seng Partei hunn hien 23 Punkten a seng Plaz ënnert den 10 beléiftste Politiker kascht. Säi Géigespiller Marc Goergen war scho manner gutt placéiert. Ma och hie verléiert 15 Punkten an ass domat den zweetgréisste Perdant. Vun den 39 Politikerinnen a Politiker, déi zur Wiel stoungen, kënnt d‘Alexandra Schoos vun der ADR op déi leschte Plaz.

Eng Partie Regierungsmemberen hu bäigeluecht. Dorënner vun der CSV d‘Ministesch fir sozial Sécherheet Martine Deprez, d‘Justizministesch Elisabeth Margue an am meeschten den Inneminister Léon Gloden. Bei der DP huet virop de Kulturminister Eric Thill mat plus 11 Punkten an der Moyenne vu Sympathie a Kompetenz an dësem Sondage iwwerzeegt. Dat awer wuel och, well hie méi bekannt gouf.

Bierger u sech mat Aarbecht vu Regierung zefridden

Allgemeng hunn déi Befroten d‘Aarbecht vun der Regierung e bësse méi positiv bewäert, ewéi am Mäerz. 61 Prozent soen, se wär gutt, awer nëmmen 11 Prozent dovu soen, se wär ganz gutt. 26 Prozent hu gesot, d‘Regierung hätt schlecht geschafft. D‘CSV-Stammwieler sinn zu 95 Prozent vun der Aarbecht vu Schwaarz-Blo iwwerzeegt. Beim Koalitiounspartner DP sinn et nach 79 Prozent. Déi Befroten, déi sech bei der LSAP respektiv de Grénge gesinn, bewäerten d‘Regierung majoritär schlecht. D‘ADR-Wieler si gedeelter Meenung.

Interessanterweis schneit d‘Regierung awer manner gutt of, wann een eenzel Dossieren erausgräift. Just mat de finanzielle Mesuren am Sënn vum "méi Netto vum Brutto" sinn déi Befroten éischter zefridden. Beim Dialog mat de Sozialpartner, de Mesurë géint Logementskris an der Gestioun vun der Caritas-Affär sinn all Kéiers méi Leit der Meenung, dass d‘Regierung schlecht, respektiv deelweis souguer ganz schlecht geschafft hätt.

D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu

Fir de Politmonitor am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gouf vun der Ilres eng representativ Stéchprouf vun 1.063 Leit gefrot. D'Interviewe sinn tëscht vum 18. an dem 26. November iwwer Telefon an online iwwer MyPanel vun der Ilres realiséiert ginn.

Weider Detailer iwwer d'Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir op Alia.lu