Ofwaarde gëtt deier, sou de Think Tank Idea
© Anne Wolff / RTL
D'Diskussioun ronderëm eng méiglech Pensiounsreform ass kontrovers.
Wärend déi eng fannen, et misst esou séier wéi méiglech ugepasst ginn, sinn déi aner der Meenung, nach stéing ee jo gutt do, an et misst een ofwaarden. Elo huet och de Think Tank Idea eng éischt Positioun an der ëffentlecher Debatt bezunn a seet, ofwaarden ass keng Optioun.
An dat beleet Idea mat verschiddene Berechnungsmethoden. D'Resultat: den aktuelle Finanzement ass net nohalteg. Eleng op de Wuesstem ze setzen, géif nämlech net duergoen. Esou en enormen ekonomeschen Opschwong wéi Lëtzebuerg en zanter den 80er Jore kannt huet, wier net méi esou ouni Weideres méiglech, erkläert de Jean-Baptiste Nivet vun Idea. Do géif et eng ganz Rëtsch Contrainten, zum Beispill de Logement, d'Klimatransitioun oder d'Mobilitéit.
Ausserdeem kuckt Idea op den Zäitpunkt vu méigleche Reformen an do heescht et: Ofwaarde gëtt deier. Falls ee géif waarde bis d'Reserven ënnert de legale Minimum falen, da riskéieren d'Pensiounen, jee no de wirtschaftlechen Ëmstänn tëscht 29 an 38 Prozent par rapport zu haut gekierzt ze ginn. De Jean-Baptiste Nivet vun Idea erkläert:
“La question globale qu’on s’est posée c’était: Qu’est ce qui ce passerait si on avait un mix d'Augmentation de Recettes et de baisse relative des Prestations sur 4 ou 5 ans, quell serait lêffet? Donc ça veut dire qu’il faudrait jouer à la fois sur quelques formules dans la calculation des pensions, dnc les prestations augmentent moins rapidement qu'elles augmenteraient, mais aussi trouver des recettes.”
Idea huet do mat engem Pre-Finanzement vun 10 Prozent gerechent. Dobäi weisen d'Berechnungen och, wann d'Reserve méi breet ugeluecht géifen an ee méi Rendement doraus hätt, géif dat d'Situatioun däitlech verbesseren. D'Reserve géife bis 2050 zwar weider falen, awer bei Wäitem net esou staark, a géifen och iwwert dem legale Minimum bleiwen. Dee läit bei annerhallef Mol de Recetten.
Idea plädéiert och dofir, dee legale Minimum unzehiewen, déi aktuell Reserve vu véier Mol d'Recette sollten d'Norm ginn. D’nächst Joer wëllt den Think Tank konkret Propose fir d'Pensiounsreform maachen.