Wéi eng Zukunft fir d'Groussregioun? Dat war d'Thema e Mëttwoch an der Chamber am Kader vun enger Interpellatioun vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot.

Lëtzebuerg hätt eng Responsabilitéit géigeniwwer den anere Länner an der Groussregioun, esou de Franz Fayot, deen d'Fro opgeworf huet, ob Lëtzebuerg dës net finanziell méi misst ënnerstëtzen. Verschidden Deputéiert hunn da festgestallt, datt d'Attraktivitéit fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, ofhëlt. Grënn wiere Benodeelegunge bei Iwwerstonnen, manner Méiglechkeete fir Teletravail, den Transport, awer och de Logement. De Franz Fayot huet op de Cahier de la Grande Région vum Fuerschungsinstitut Liser vu leschter Woch verwisen.
 
"Lëtzebuerg exportéiert säi Logementsproblem an d'Groussregioun a schaaft doduerch zousätzlech sozial Problemer. Un der Grenz gehéiere 40% vun den Haiser Lëtzebuerger. Dat huet sech an de leschte 15 Joer verduebelt. Déi héich Präisser bei eis drécken natierlech dann an eiser Noperschaft och d'Präisser an d'Luucht. Leit mat niddregem Akommes ginn ëmmer méi wäit an d'Peripherie gedréckt. An hire Wee op d'Aarbecht gëtt dacks nach méi laang an domat den Interessi bei eis ze schaffen, éischter méi kleng."
 
De Xavier Bettel, deen dës Woch op de Sommet vun der Groussregioun op Mainz fiert, huet kontestéiert, datt Lëtzebuerg d'Groussregioun just géing ausnotzen. Et wier eng "Win-Win"-Situatioun. Fir d'Attraktivitéit vum Land wéilt hien net "mam Checkbuch" an der Groussregioun Sue verdeelen. Seng Prioritéit wier et, d'Liewe vun deene Leit, déi heihinner schaffe kommen, méi einfach ze maachen, fir datt et sech nach géing lounen, heihinner ze kommen. Eng Motioun vun der LSAP fir d'Méiglechkeet vun engem grenziwwergräifende Fong z'analyséieren, gouf verworf.
 
D'Chamber huet dann e Mëttwochmëtteg nach e Gesetzprojet eestëmmeg ugeholl, mat deem d'Statutte vun enger tëschestaatlecher Organisatioun fir d'Fërdere vun der Demokratie, IDEA International, unerkannt ginn. Gréng Luucht och eestëmmeg fir e Gesetzprojet iwwert en Accord mat der Belsch, fir den Austausch vun Informatiounen am Fall vun engem nuklearen Tëschefall oder Accident. Donieft gouf en Nato-Accord aus dem Joer 1994 iwwert de Statut vun Drëttstaaten ugeholl, mat 58 Jo-Stëmmen an 2 Abstentiounen. An e Gesetz mat deem eng EU-Reglementatioun fir den Devoir de diligence beim Import vu verschiddene rare Metaller ëmgesat gouf, huet nei misse gestëmmt ginn, well et e Feeler beim éischten Text gouf.