Georgien soll Membere vun Oppositioun a Manifestante fräiloossen
© RTL
No den ëmstriddene Walen a Georgien an der Repressioun géigeniwwer Demonstranten huet d’Chamber sech mat enger Resolutioun positionéiert.
An der Resolutioun ginn déi georgesch Autoritéiten dozou opgeruff, fir d'Membere vun Oppositioun an d'Manifestanten, déi rezent festgeholl goufen, nees fräizeloossen. Déi zoustänneg Autoritéiten an Instanze ginn encouragéiert, den Dialog mat de georgeschen Autoritéiten Oprecht ze erhalen an ze iwwerdenken, datt d’Efforte fir der EU bäizetrieden op Äis geluecht goufen. D’Reaktioun op Manifestanten, déi als disproportionéiert beschriwwe ginn, gi condamnéiert.
D’Chamber rappelléiert dann och d’Wichtegkeet vum Respekt vun den demokrateschen Normen a Wäerter a vun de Mënscherechter. D’Resolutioun gouf unanime ugeholl. De Chamberpresident Claude Wiseler wäert se sengem georgeschen Homolog iwwerreechen.
*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, datt eng onofhängeg Enquête géif gefuerdert ginn, déi Fuerderung gouf awer aus der Resolutioun erausgeholl.