Kommissioun wäert sech mat Propose vun der LSAP beschäftegen

© Tierra Mallorca / Unsplash
Problemer, déi sech fir Leit stellen, déi "op Plang" eng Wunneng kafen, wäerten an enger Commission jointe tëscht Justiz a Logement thematiséiert ginn.
D’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert hat eng entspriechend Motioun mat Verbesserungsvirschléi an d’Chamber bruecht. D’CSV huet dës Motioun begréisst a proposéiert, se an enger gemeinsamer Kommissioun op de Leescht ze huelen, woumat de Rescht vun der Chamber averstane war.
En Dënschdeg hat d'Paulette Lenert an enger Pressekonferenz gefuerdert, datt Leit, déi Wunnengen um Plang kafen, besser geschützt solle ginn. Der LSAP no misst um Marché vun den Neibauprojeten, de sougenannte Vefa (vente en état futur d'achèvement), nees Vertrauen hiergestallt ginn. Den aktuelle legale Kader wier an dëser Thematik veraalt a misst moderniséiert ginn, sou wéi dat beispillsweis schonn an der Belsch an a Frankräich gemaach gouf. D'Kritik huet sech virun allem un de Premier Luc Frieden geriicht, deen a rezenten Interviewe gesot huet, hie wéilt näischt an deem Zesummenhang ënnerhuelen.
De ganzen Artikel vum Dënschdeg mat all de Propositioune vun der LSAP kënnt Dir hei noliesen.