E Mëttwoch de Mëtteg hat d'Police bei enger gréisserer Aktioun am Garer Quartier an der Stad d'Drogekriminalitéit an de Fokus geholl.

D'Beamte waren an der Stroossbuergerstross, der Hollerecherstrooss an der Rue de Fonderie am Asaz. Dat deels och mat Hënn. Et goufen 20 Leit kontrolléiert a siwe Persounen hunn dono misste mat de Beamten op de Policebüro goen, wou weider Kontrollen duerchgefouert goufen.

Bei verschiddene vun de kontrolléierte Persoune konnte kleng Quantitéiten un Droge fonnt ginn, an et gouf eng Persoun identifizéiert, déi scho vun der Police gesicht gouf.