Accord fir AI-Supercomputer an "AI Factory" zu Lëtzebuerg
© AFP/Archiv
D'Regierung huet hiren Accord ginn, fir e Supercomputer fir kënschtlech Intelligenz ze kafen an eng sougenannten "AI Factory" opzebauen.
Dat, nodeems dës Woch bekannt ginn ass, datt de Grand-Duché den Zouschlag vun enger gemeinsamer europäescher Héichleeschtungs-Computer-Initiativ krut, esou eng Fabrick fir kënschtlech Intelligenz zu Biissen opzebauen. Dat wier am Sënn vun den Ziler vun der Regierung, fir Infrastrukture fir d'kënschtlech Intelligenz opzebauen an d'Wirtschaft ze diversifizéieren, heescht et.
Et gouf e Gesetzprojet op den Instanzewee geschéckt, deen Adaptatioune beim Regimm vun den Hëllefen am Sënn vun der digitaler an nohalteger Transitioun fir kleng a mëttelgrouss Betriber virgesäit. D'Demandë fir esou Hëllefe solle méi séier traitéiert ginn an d'Hëllefe solle méi einfach kënnen online ugefrot ginn.
D'Regierung huet d'Participatioun vun der Arméi un der Nato-Missioun a Rumänien iwwerdeems bis den 1. Juli 2027 verlängert. D'Hëllefen, fir Doheem eng Borne fir den Elektroauto ze installéieren, gi bis den 31. Dezember 2025 verlängert.