D'europäesch Entreprise fir Héichleeschtungscomputer EuroHPC huet 7 Propose selektionéiert, fir eng Fabrick fir kënschtlech Intelligenz ze etabléieren.

Och Lëtzebuerg krut den Zouschlag. Zu Biissen bei Luxprovide wäert d'Entitéit "Meluxina-AI" entstoen. Aner Fabricken entstinn a Spuenien, Italien, Finnland, Schweden, Däitschland a Griicheland. Op 5 vun de Sitte wäert e KI-optiméierte Supercomputer am Asaz sinn, zum Beispill eben hei zu Lëtzebuerg, wou de Supercomputer MeluXina zënter 2021 operationell ass. Fir déi éischt KI-Fabricke wäerten am ganzen annerhallef Milliarden Euro investéiert ginn.