Dëse Weekend sinn zu Hamm an zu Baaschtnech feierlech Commemoratiounszeremonien, fir un den 80. Joresdag vum Ufank vun der Ardennenoffensiv z'erënneren.

''Dës Affer hunn de Wee fir d'Befreiung, d'Rekonstruktioun a Fridden an Europa fräi gemaach. Et ass eis Flicht, ni déi ze vergiessen, déi hiert Liewe ginn hunn", esou de Grand-Duc, an enger Zäit, an där nees e Krich duerch Europa schaalt.
 
Den Jack Foy, haut 99 Joer, huet d'Ardennenoffensiv um eegene Leif erlieft. Op dësem Dag vun der Commemoratioun, huet de Veteran vun der 87. Infanterie Divisioun d'Battel of the Bulge nees opliewe gelooss, wei wann et gëschter gewiescht wier. 
Ee vu fënnef Veteranen, déi a Presenz vun der groussherzoglecher Koppel an dem Kinnek an der Kinnigin vun de Belsch geéiert goufen.
 
''Meng Compagnie gouf staark deziméiert. 50 Mann hunn iwwerlieft, vun 200. A menger Sektioun vun 12 Mann, sinn der 5 gefall an 3 goufen uerg blesséiert. Et ware meng Kolleegen. Dëst Land war wierklech geseent. Elo ass et roueg an de Belschen Ardennen. Den Damp vun der Schluecht ass verflunn. 80 Joer si vergaangen. D'Erënnerunge bleiwen. An déi Doudeg".
 
Den 29. Dezember 1944 hunn Zaldote vun der 3. amerikanescher Arméi éischt Kolleegen tëscht Hamm a Sandweiler begruewen. Um Enn vum Krich, goufen 8.412 hëlze Kräizer gezielt. Haut leien nach 5.075 Zaldoten, eng Zaldotin Nancy Leo - eng Infirmière - um amerikanesche Militärkierfecht. Se hu sech fir eis Fräiheet sacrifiéiert, wäit vun doheem. An engem Land, wat si net emol kannt hunn.

"Ech wëll och alle Lëtzebuerger Merci soen, déi am Zweete Weltkrich an och wärend der Ardennenoffensiv op der Säit vun den Amerikaner an den Alliéierte stoungen. Si hu mat hirem Liewen a mat hirem Engagement och dozou bäigedroen, datt mir haut hei fräi a friddlech kënne liewen. An dofir musse mir eis all Dag erëm fir d'Demokratie, fir d'Mënscherechter a fir d'Fräiheet asetzen, heiheem an Europa a soss op der Welt", sou de Premier Luc Frieden, deen d'Engagement agaangen ass, déi dräi Wäerter héich ze halen.