D'Ardennenstad war e strategesche Kommunikatiounspunkt a gouf wärend der Offensiv vun der Wehrmacht agekesselt.

Um drëtten Adventsweekend war den Zentrum vu Baaschtnech fir den Trafic gespaart. Aus der Uertschaft selwer, awer och vu vill méi wäit hu sech sëllege Leit do laanscht d'Stroossen zesummefonnt, fir un d'Ardennenoffensiv ze denken. Si wollten op dës Manéier de Respekt vis-à-vis vun den Zaldoten erweisen, déi hinne virun 80 Joer de Fridden zeréckginn hunn.