Pensionären zu Lëtzebuerg méi räich wéi den nationalen Duerchschnëtt
© Envato
D'Akommes vu Pensionären zu Lëtzebuerg (Aarbecht oder Kapital) läit neisten OECD-Zuelen no méi héich wéi d'Duerchschnëttsakommes vun der Bevëlkerung.
An der EU geet et bäi wäitem net alle Pensionnairë gläich gutt. Zu Lëtzebuerg läit déi duerchschnëttlech Pensioun bei 2.398 Euro, a Bulgarien dogéint just bei 293 Euro. Dës Brutto-Zuelen ze vergläiche mécht allerdéngs net vill Sënn, virop well si déi ënnerschiddlech Liewensstandarden an deenen zwee Länner net berécksiichtegen.
Et gëtt also verschidden Indicateuren, déi de Wuelstand vun de Pensionären am Verhältnes zu der nationaler Bevëlkerung moossen. D'OECD bitt een Iwwerbléck iwwert d'Gesamtakommes vu Persounen iwwer 65 Joer. Op Grondlag vun deem Indicateur kritt a Frankräich eng Persoun iwwer 65 Joer 99,8 Prozent vum Akommes vun der Gesamtbevëlkerung. Am Kloertext heescht dat, datt d'Akommes vun engem franséische Rentner am Duerchschnëtt vun der Gesamtbevëlkerung läit. Zu Lëtzebuerg sinn d'Leit iwwer 65 allerdéngs besser drun - hiert Akommes läit mat 110,1 Prozent iwwert dem nationalen Duerchschnëtt.