LSAP "irritéiert" - Ried war "hors sujet", esou ADR

© flickr gouvernement
D'Vertrieder vun der parlamentarescher Oppositioun waren en Dënschdeg duercherneen an deels bësse genervt no der Ried vun der DP-Deputéiert Corinne Cahen.
Si hätt als Rapportrice vum Budgetsprojet fir d'nächst Joer näischt oder quasi näischt iwwert de Budget gesot a just iwwer d'kënschtlech Intelligenz geschwat, esou d'Kritik.
"Bon dat ka se maachen, an der Schoul géing ee vläicht soen 'dat ass hors sujet'", esou den ADR-Deputéierte Fred Keup. Hien hätt dann och en plus den Androck gehat, datt d'Corinne Cahen d'KI als Matière net gutt géing maîtriséieren, "au contraire".
De Piraten-Deputéierte Sven Clement huet dat gedeelt an esouguer vun "Hallefwësse" geschwat.
"Dat do war kee Budgetsrapport", esou den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner. Et kéint een a sengem Rapport iwwert de Budget d'Gewiicht op ee Sujet setzen, mee "5 minutes, ça va, mee mir hunn aner Prioritéiten". Hie wéisst net, wat e kéint soen an huet am Geck gemengt, hie géing vläicht nach e Rapport iwwert de Budget en Dënschdeg den Owend oder e Mëttwoch kréien.
Wéi den David Wagner huet d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding fonnt, d'Ried vum Corinne Cahen hätt éischter an enger "heure d’acutalité" geglach. Si hätt sech erwaart, datt een iwwert dEckdate vum Budget géing schwätzen, déi een elo zwee Méint laang ënner d'Lupp geholl hätt. D'Corinne Cahen hätt awer "recht wéineg" gesot iwwert de Logement, d'Investissementer, Schold oder nach d'Aarmut an "dat huet mech irritéiert", esou d'Taina Bofferding.
D'Sam Tanson war nach am feinste mam Corinne Cahen. "Ech denken, si huet sech ganz vill Gedanke gemaach iwwert e Sujet, deen eis ëmmer méi wäert beschäftegen. Un deem Sujet gëtt et u sech näischt auszesetzen", esou d'Gréng Deputéiert. Si wäert e Mëttwoch vill méi kritesch mam Budget fir d'nächst Joer selwer sinn an ënnersträichen, datt d'Investissementer géingen zeréckgoen an d'CSV-DP-Regierung sech "manner Recette" grouss op de Fändel geschriwwen hätten.
CSV an DP huele Cahen a Schutz
Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet seng Parteikolleegin awer a Schutz geholl: "Ech stelle fest, datt net just iwwert KI geschwat ginn ass." Natierlech awer vill, mee ëmmerhi géing d'KI d'Leit haut schonn immens vill an an Zukunft nach méi betreffen.
D'Corinne Cahen hätt awer och a verschidden Themen "ënnerstrach, wat am Budget geschitt ass", esou iwwerdeems de Koalitiounspartner an CSV-Fraktiounschef Marc Spautz. An hie sot: "Ech mengen, dat war eng aner Presentatioun vun engem Budget, wéi mir se bis elo kannt hunn, et war eppes neits an ëmmer, wann nei Saache kommen, da kommen natierlech och ëmmer Kriticken".