Changementer an der Direktioun vun RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg huet um Donneschdeg seng nei Direktiounsstruktur annoncéiert, déi den 1. Januar 2025 a Kraaft trëtt.
De Christian Schmitz gëtt Chief Operating Officer (COO) an Deputy Chief Executive Officer (Deputy CEO) vun RTL Lëtzebuerg. Nieft sengen aktuelle Funktiounen als Direkter vun der Regie IP Luxembourg (IPL) wäert hien och fir den Transformatiounsprozess vun RTL Lëtzebuerg, de ganze Backoffice, d’Ressources humaines an d’Business Intelligence verantwortlech sinn.
D’Sandra Bintz, aktuell Head of Digital Products an Deputy Content Director, gëtt am neie Comité de direction Director of Programmes & Products. An dëser Roll wäert si d'Kultur- an d’Entertainment-Inhalter koordinéieren, dat zesumme mam Jeff Spielmann, Head of TV Programmes, an David Gloesener, Head of Radio Programmes. Si ass och fir déi digital Produiten an de Marketing vun RTL Lëtzebuerg verantwortlech.
De Christophe Goossens, CEO vun RTL Lëtzebuerg, sot: "Ech schätzen de Christian als Teamleader mat grousser Erfarung an ech si vu senge Fäegkeeten iwwerzeegt, mat fir den Erfolleg vun RTL Lëtzebuerg als COO an Deputy CEO ze suergen. Als Direkter vun IPL huet hien eng aussergewéinlech Aarbecht geleescht, fir d'Firma ze transforméieren a fir Wuesstem ze garantéieren. D’Sandra iwwerhëlt als Expertin vu Contenuen d’Roll vum Director of Programmes & Products. Si schafft zanter 1999 bei RTL Lëtzebuerg a kennt d’Programmer an d’Ekippen – ideal Viraussetzunge fir dëse Posten. Ech freeë mech, weider mam Sandra a Christian ze schaffen a wënschen hinne vill Erfolleg an hiren neie Rollen."
Vum 1. Januar 2025 setzt sech de Comité de direction vun RTL Lëtzebuerg esou zesummen: Christophe Goossens (CEO), Daniel Felgueiras Da Cunha (CFO), Christian Schmitz (COO and Deputy CEO), Sandra Bintz (Director Programs & Products), Luc Marteling (News Director) an Tom Weber (CTO).
© Yann Wirthor