De Stater Schäfferot wëll sech net vum Presserot virwerfe loossen et géif een d'Pressefräiheet net respektéieren.

En Donneschdeg hat de Conseil de Presse via Bréif déi Stater Gemengeresponsabel gefrot, e Passus aus den neie Konventioune mat der asbl HUT "Hëllef um Terrain" ze sträichen, dee virschreift, datt all Kommunikatioun tëscht dem Nofollger vun der Caritas an der Press mat der Stad Lëtzebuerg ofgeschwat gëtt.

An engem Schreiwes, wat RTL virläit, erkläert de Schäfferot - och no Kriticken vun der Oppositioun am leschte Gemengerot - et wier evident, datt HUT keen Accord vun der Stad Lëtzebuerg bräicht, fir mat der Press ze schwätzen. Well et sech awer ëm Projete vun der Stad handelt, déi an Zesummenaarbecht mat "Hëllef um Terrain" exekutéiert ginn, wier et fir si awer normal, datt Kommunikatiounen tëscht béide Säite concertéiert sollte sinn.

Dat huet och d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer am RTL-Interview erkläert. Um Passage hält een also weider fest. Vun engem Maulkuerf, wéi d'Oppositioun geschwat hat, kéint hirer Meenung no keng Rieds sinn. Et wier carrément souguer de Contraire, fënnt d'Stater Buergermeeschtesch.

Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (1)

"Dat, wat do dra steet, dat ass, géif ech soen, dat Normaalste vun der Welt. Dat si jo Projeten, déi op Initiativ vun der Stad Lëtzebuerg ausgaange sinn, déi allermeescht. Virdru wat et d'Caritas. Elo ass et HUT, déi d'Gestioun dovunner maachen. Dat heescht mir sinn zu Zweet, déi an deem Projet sinn. A wann dann een eppes wëll kommunizéieren, dann ass et jo gutt, wann ee sech concertéiert. Dat ass dat Normaalst vun der Welt. An dat hunn ech am Bréif och kloer geschriwwen. Dat huet awer mat Maulkuerf näischt ze sinn."

An de Konventiounen tëscht der Caritas an der Stad Lëtzebuerg, stoung de Saz, deen der Press an der Oppositioun sauer opgestouss ass, iwwregens net dran.

Sollte béid Säiten net enger Meenung sinn, wier jidderee fräi, der Press seng Positioun matzedeelen, probéiert d'Stater Buergermeeschtesch ze berouegen. D'Stad Lëtzebuerg kënnt also och der Fuerderung vum Conseil de Press, fir de Passus an de Konventiounen ze sträichen net no.

Am Interview mat RTL, huet d'DP-Politikerin ëmmer nees betount, datt ee jo awer déi sozial Projeten zesumme géif maachen. An dat sollt och sou an der Kommunikatioun eriwwer kommen.

Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (2)

"Huele mer de Bistrot  "Le Courage". Ech ka  mech een Ament erënneren, do war eng Kéier e grousse Reportage iwwert de Bistrot "Courage" an do ass guer net gesot ginn, datt dat e Projet vun der Stad Lëtzebuerg ass. Dat wier awer normal".

An do gëtt een da schonn den Androck net lass, datt de politesch Responsabele vun der Gemeng och drëms geet, fir an de Medie present sinn. Vum Presserot heescht et, et géif een d'Situatioun weider suivéieren.