Vill ze di fir d'Police op Hellegowend

Och d'Police hat op Hellegowend vill ze dinn. Dat ënnert anerem wéinst enger 60 Streidereien a Stéierunge vun der Nuetsrou.
Wéi den 113 an hirem Bulletin schreift, hätten déi meescht Fäll sech scho berouegt gehat, wéi d'Beamten op der Plaz ukoumen, respektiv konnten op der Plaz gekläert ginn. A véier Famillje war de Sträit allerdéngs esou wäit eskaléiert, datt de Parquet informéiert a Persoune verwise goufen. Dat ënnert anerem zu Habscht, Esch-Uelzecht, Gonnereng an Ettelbréck.
Abréch a versicht Abréch op Hellegowend
Wéi schonn déi lescht Deeg waren och op Hellegowend vill Abriecher ënnerwee.
Ënnert anerem an der Rue du Fort Neipperg an der Stad, op der Nuddelsfabrik zu Diddeleng, um Kuelebierg zu Zéisseng an an der Rue des Carrefours zu Stroossen war et Brigange gelongen a Wunnengen an Haiser anzebriechen a mat geklaute Géigestänn ze flüchten.
Zu Miersch an der Rue Emmanuel Servais an an der Rue des Sacrifiés zu Garnech konnten d'Abriecher, beim Versuch an d'Haus ze kommen, vun den Awunner gestéiert ginn. Zu Mamer an der Rue Mambra, zu Diddeleng an der Rue des Coquelicots an um Groebierg zu Gonnereng sinn d'Brigange geflücht, wéi d'Alarmanlagen ugaange sinn.
Besonnesch wärend de Feierdeeg si vill Abriecher ënnerwee, d'Police mécht an deem Sënn nach eng Kéier de Rappell, wéi ee sech am beschte virun Abriecher schützt.
Permise wéinst ze vill Alkohol ofgeholl
Wärend de Feierdeeg ginn et och vill Leit, déi sech hannert Steier sëtzen, obwuel se ze vill gedronk hunn. Esou goufen der Police op Hellegowend eng dräi Automobiliste gemellt, net méi hätte sollte fueren.
Scho géint 16.30 Auer war der Police en Auto an der Lonkecher Strooss zu Bartreng gemellt, deen a Schlaangelinne géing fueren an e geparkten Auto beschiedegt hätt. D'Beamten hunn d'Fra doropshin doheem ugetraff a mat hir en Alkoholtest gemaach. Well dëse positiv war, huet d'Fra missen hire Permis ofginn a gouf protokolléiert.
Zu Péiteng an der Rue d'Athus war enger Patrull an der Nuecht op e Mëttwoch e geparkten Auto opgefall, bei deem de Motor gelaf ass. De Chauffer, deen hannert dem Steier ageschlof war, huet misse vun de Polizisten wakereg gemaach ginn. Och hien hat ze vill gedronk an huet missen de Fürerschäin ofginn.
Géint 5 Auer um fréie Mëttwochmoie war et iwwerdeem zu engem Accident op der N33 tëscht Esch a Rëmeleng komm, wéi en Automobilist mat sengem Gefier an de Gruef gerode war. De Mann, deen hannert dem Steier souz, wéi d'Beamten op der Plaz ukoumen, war zwar net blesséiert, huet awer sichtlech ugedronk gewierkt. Och an dësem Fall war den Alkoholtest positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat.