Déif an der Stad gepëtzt
Affer no Zigarett gefrot, mam Fouss gerannt a Kette geklaut
En Donneschdeg kuerz virun 20 Auer koum et zu engem Déifstall an der Stad, bei deem d'Affer eng gëlle Kette vum Hals geklaut krut.
Wéi d'Police schreift, wier d'Affer dobäi vum Onéierlechen ugeschwat an no enger Zigarett gefrot ginn, éier den Täter d'Affer mam Fouss gerannt an him d'Kette vum Hals gerappt huet.
Obwuel de Verdächtege flüchte konnt, ass et der Police gelongen, dësen am Kader vun enger Sich z'ermëttelen. Op Uerder vum Parquet gouf den Täter festgeholl an hat e Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies