Nom Accident un enger Schleis op der Musel uganks Dezember konnten antëscht all blockéiert Schëffer erëm weiderfueren.

E Freideg de Moien ass dat lescht Schëff duerch eng speziell amenagéiert Schleis gefuer. Alles an allem hunn 72 Schëffer esou mussen duerchgeschleist ginn.

D‘Schleis zu Müden an Däitschland war bei enger Kollisioun vun engem Cargo-Schëff staark beschiedegt ginn. Elo lafen d‘Preparative fir d‘Sanéierung. D‘Aarbechte selwer sollen am neie Joer ufänken. Enn Januar soll dann eng nei Paart agebaut ginn, esou datt den 1. Februar erëm mam reguläre Betrib kann ugefaange ginn.