Wirtschaftsminister berouegt: Keen esou uergen Impakt op eis Pëtrolsreserven
Trotzdeem huet de Lex Delles en Dënschdegmëtteg an der Chamber confirméiert, datt et an nächster Zäit méi Camionstrafic wäert ginn.
Iwwer d’Musel gi Pëtrol, Baumaterialien, Schrott a Kären transportéiert. Natierlech huet de Schleisenaccident zu Müden an Däitschland och en Impakt op déi Schëffer. De Wirtschaftsminister Lex Delles huet d’Deputéiert en Dënschdegmëtteg an der Chamber berouegt, wat eis Pëtrolsreserven ugeet, confirméiert awer, dass et an nächster Zäit méi Camionstrafic wäert ginn. D'Wuere kënne vum Mäerter Hafen aus op Schinn a Strooss verlagert ginn.
Bis Enn Mäerz sollen d'Fléckaarbechten zu Müden daueren. Der Transportministesch Yuriko Backes no wäert dat awer kaum anzehale sinn, schonn eleng wéinst den Iwwerschwemmungen. Den Ament si 5 Frachtschëffer zu Lëtzebuerg op der Musel blockéiert.