D'Reparaturaarbechten un der futtisser Schleis op der Musel bei Müden an Däitschland komme méi séier virun, wéi geduecht.

Déi Lëtzebuerger Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hat en Donneschdeg e Gespréich mam däitsche Verkéiersminister Volker Wissing. Deemno kéint de Schëffsverkéier also nees uganks Februar méiglech sinn. Bis ewell war ee jo vun Enn Mäerz ausgaangen.
 
De wirtschaftleche Schued duerch déi blockéiert Schleis läit bei e puer 100 Milliounen Euro, schätze Politiker a Logistikfirmen. Stolentreprisen, Liewensmëttelproduzenten a Pëtrolsfirme sinn ënnert anerem betraff.
 
Déi sougenannt "Nout-Schleisungen", déi e Méindeg ugefaangen hunn, ginn iwwerdeems virun. An der Tëschenzäit wär d’Team agespillt. Eng Schleisung dauert "just" nach dräi Stonnen an et gëtt ronderëm d’Auer geschafft. No dräi Deeg konnte scho 27 Schëffer duerch d’Schleis bruecht ginn.

All 74 Schëffer, déi zanter dem Accident virun der Schleis festhoungen, solle bis d’Enn vum Joer Richtung Rhäin kënne weiderfueren, sou d’Ministesch Yuriko Backes.