D'Schëffer op der Musel solle bis Chrëschtdag evakuéiert sinn
Méi wéi 70 Schëffer waren nom Accident op der Schleis zu Müden op der Musel blockéiert.
Bis en Dënschdeg de Mëtteg 12 Auer konnten der awer 9 duerch eng provisoresch Konstruktioun duerchgeschleist ginn. D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an de Wirtschaftsminister Lex Delles waren en Dënschdeg bis op Mäertert an den Hafen, fir sech op der Plaz unzekucken, wéi d'Situatioun do ass, well den Accident an der Schleis huet och Konsequenze fir Lëtzebuerg - katastrophal si se allerdéngs net.
Dat seet de Wirtschaftsminister Lex Delles, deen nach emol ënnersträicht, datt et kee Problem mam Approvisionnement vu Pëtrol gëtt. 20 Prozent vun de Pëtrolsimportatioune ginn iwwer d'Musel geliwwert, mä déi Stocke wieren den Ament voll an duerch den Trimodalen Hub zu Mäertert kéint ouni Weideres op den Transport iwwer d'Schinn oder d'Strooss zeréckgegraff ginn.
Dat bedeit anengems awer méi Camionstrafic an dofir proposéiert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes dem Regierungsrot och Changementer beim Fuerverbuet fir Camionen.
"D'Camionen dierfen am Prinzip jo vu samschdes owes un, sonndes an iwwer d'Feierdeeg net fueren. Ech wollt der Regierung eng Propositioun an deem Kontext maachen, fir et awer an exzeptionellen Ëmstänn, déi mer jo awer hei hunn, dat awer z'erméiglechen."
D'Prioritéit vun der Regierung wier et, datt d'Liwwerkette weider funktiounsfäeg bleift. Beim Schrott, deen och normalerweis iwwer d'Waasser transportéiert gëtt, ass d'Situatioun dem Wirtschaftsminister Lex Delles no net dramatesch an de Sand, deen an der Baubranche gebraucht gëtt, kéint och iwwer aner Weeër geliwwert ginn.
"Déi natierlech dann awer och aner Präisser hunn, well de Schëfftransport ass awer deen Transport, dee Käschten/Notzen am Beschten ass, fir ganz grouss Massen ze transportéieren."
Och wann et fir alles aner Weeër gëtt, huet den Accident zu Müden Auswierkungen op Entreprisen zu Lëtzebuerg. 3 Stéck hunn Deelzäitaarbecht ugefrot. Fir de Wirtschaftsminister e klore Cas de force majeure.
"Den Ament sinn 3 Entreprisen dovunner betraff. Dat sinn op där enger Säit natierlech den Hafen an op där anerer Säit Transporteuren, well se eben näischt heihinner ze bréngen oder ewechzeféieren hu vum Hafen. Elo kann et awer sinn, dass an Zukunft, an deenen nächste Wochen oder Deeg, nach aner Betriber kommen, déi betraff sinn, well se Produite verschaffen oder aschaffen, fir hei iwwert den Hafen z'importéieren oder z'exportéieren."
D'Schëffer, déi elo nach op der Musel blockéiert sinn, solle bis Chrëschtdag evakuéiert sinn. D'Lëtzebuerger Ministeren hoffen, datt d'Schleis zu Müden bis de Mäerz erëm funktionéiert an d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes wëll an engem Telefonsgespréich mat hirem däitschen Homolog nach eng Kéier drop hiweisen, wéi wichteg et wier, wann et op all Schleis zwou Kummere géife ginn, mä dat hätt säi Präis.
"Pro Schleis wieren dat ongeféier 120 Milliounen Euro. Dat heescht op der däitscher Säit wieren nach 7 Schleisen, wou eng zweet Kummer misst dobäi kommen. Dir gesitt, do schwätze mer effektiv vun héije Montanten, mä wat ech natierlech och wëll mat mengem Homolog thematiséieren, ass, fir ze kucken, datt mer do och en EU-Kofinanzement kéinten ufroen."
Sécher ass, datt dësen Accident och kascht, mä den Ament ass et nach däitlech ze fréi, fir do e Montant kënnen ze nennen.
An d'Ministeren hunn och ënnerstrach, datt si Däitschland Hëllef aus dem Grand-Duché ugebueden hunn. Mat Material a Personal, allerdéngs wiere si responsabel, fir Léisungen ze fannen.