Fake "Wort"-Post op Facebook mat falschem Mariette Zenners-Interview

Déi allermeeschte Leit hei am Land ginn antëscht quasi all Dag mat falschen E-Mailen, falsche Gewënnspiller oder falsche Policebréiwer belästegt.
An dësem Fall handelt et sech ëm eng vu KI generéiert Pub, fir op ee suspekte Link ze klicken a Brigangen Suen ze schécken.
Ze gesinn op dem soziale Reseau Facebook an als falsche "Wort"-Artikel opgemaach, sollen d'Lieser derzou beweegt ginn, op dubiéis Linken ze klicken.

Dëser Deeg ginn et ëmmer méi där Arnaquen um Internet a speziell op de sozialen Netzer, zum Beispill hei mam Jean-Claude Juncker oder hei mam Lynn Cruchten.
Sollt Dir dësen oder en änleche Message, respektiv Pub an de soziale Medie oder och anere Medienhaiser gesinn, kënnt Dir déi Contenue selwer mellen.
Hei nach en änleche Fake-Post op Facebook mat erfonntem Interview
