Mann no Trickdéifstall festgeholl an eng Partie Déifställ aus Gefierer

E Sonndeg krut d'Police kuerz viru Mëtternuecht en Trickdéifstall an der Rue Laurent Merger an der Stad gemellt.
Éischten Informatiounen no wier hei e Mann vun zwee anere Männer ugeschwat an ugedanzt ginn. Dës hätten dem Affer de Portmonni an den Handy geklaut.
Am Kader vun der Enquête konnt eng verdächteg Persoun gestallt ginn. Dës hat déi geklaute Géigestänn bei sech. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Deen zweete Verdächtege konnt da kuerz drop ermëttelt ginn.
Iwwerdeems gouf Méindeg an en Dënschdeg op e puer Plazen uechter d'Land a Gefierer agebrach. Dat war ënner anerem zu Hollerech an um Kierchbierg de Fall. A béide Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.
D'Police huet ausserdeem nach dräi Männer erwëscht, déi am Verdacht stinn, an der Gliesenerstrooss am Garer Quartier an der Stad en Auto opgebrach an eng Posch geklaut ze hunn. D'Posch gouf um Kierchbierg erëmfonnt an déi 3 verdächteg Persoune goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.
D'Police gëtt eng Rei Tuyauen, wéi ee verhënnere kann, dass een Affer vun esou engem Abroch gëtt.