Den 1. Mee 2022 sinn déi éischt Präisdeckelen op Energie a Kraaft getrueden.

D'Reaktioun vun der viregter Regierung op Präisser, déi bedéngt duerch de russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain staark geklomme sinn:
 
"Déi Netzkäschten, déi d'Haushalter, déi Gas hunn, déi senke mer of op Null an doduerch kënne mer quasi bis zu 500 Euro aspuere bei engem Duerchschnëttshaushalt", sou de Minister Claude Turmes am Februar 2022, nom éischten Energiedësch. D'Energieprimm gouf agefouert, fir Leit z’ënnerstëtzen, déi d’Allocation de vie chère kréien.

Decidéiert gouf och, d’Entwécklung bei de Stroumpräisser ofzefiederen. En éischte Pak vu 75 Milliounen Euro.

Och Remisen op Pëtrolsproduite goufen decidéiert. Grad wéi op Pellets a fir Stéit, déi un e Wäermenetz ugeschloss sinn. Aiden, déi mat der Zäit, ënner anerem am Kader vun der d’Tripartite ugepasst, verlängert goufen.

Enn August 2022 sinn déi un der Pompel als éischt nees ewechgefall. D’Stied an d'Betriber goufe sensibiliséiert, Gas an Elektresch ze spueren. Mat Primme gouf op Energietransitioun gesat. Virop, wat Photovoltaik a Wäermepompel ubelaangt. 

Hëllefen, déi och déi nei Regierung an enger éischter Phas verlängert huet

Am Juni d'lescht Joer huet de Premier Luc Frieden am Kader vun der Ried zur Lag vun der Natioun awer den Ufank vum Enn ugekënnegt: "Well déi meescht Energiepräisser gefall sinn an de leschte Méint, falen déi meescht Energiepräisdeckelen ab dem 1. Januar 2025 wech."

No praktesch zwee Joer si mam Joreswiessel d’Aiden um Mazout, 15 Cent de Liter op de Pellets a fir Leit, déi un d’Wäermenetz ugeschloss sinn, ausgelaf.

Grad wéi déi um Gas, wou de Präis, nodeems en am August 2022 op iwwer 300 Euro Megawatt pro Stonn eropgeschoss war, elo ëm déi 45 Euro schwankt. 

De Stroumpräisdeckel gëtt nach 2025 deels bäibehalen

"Well de Stroum an der Kris fir e puer Joer kaaft ginn ass an déi héich Akafspräisser vun deemools, hunn nach 2025 hir Repercussiounen. Mir maachen dat op eng sozial gerecht Manéier", sou de Premier. Ouni Deckel wier de Präis vum Elektreschen dëst Joer ëm 60% eropgaange fir en Duerchschnëttsverbrauch, sou de Statec. D’Hausse um Stroum u sech, gëtt elo awer vun der Regierung wieder op 30% limitéiert. 

Drock vun der EU

"Mir sinn eent vun den eenzege Länner, wat iwwerhaapt nach en Energiepräisdeckel huet. En Energiepräisdeckel, obwuel mer vun Europa gesot kréien, maacht et net. A firwat maache mer et? Dass mer e "Phasing out" maachen. Well mer net wëlle vun haut op muer dee grousse Coup hunn. Dofir elo 30% an 2026, wou mer wëssen, dass d'Präisser erofginn, wäert et net méi néideg sinn", sou d’Erklärung vum Minister fir Energie, Lex Delles.  
 
Zanter dem Ufank vun de Moossnamen, am Mee 2022, hu bis elo béid successiv Regierungen d’Stied an d’Betriber eleng wat déi direkt an indirekt Aiden op den Energiekäschten ubelaangt, mat net grad zwou Milliarden Euro ënnerstëtzt.