Stabilisatioun a Reprise um Logementsmarché

D'Indicateure weisen an déi selwecht Richtung wéi déi offiziell vum Observatoire de l'habitat.
D'Verkafsplattform atHome huet an den dräi leschte Méint vum Joer eng Stabilisatioun vun de Präisser um Logementsmarché notéiert. D'Perspektive fir dëst Joer wiere positiv. Bedéngt duerch d'Verlängerung vun de steierleche Mesurë vun der Regierung an d'Baissë vun de Leetzënsen.
Op d'Fro, duerch wat d'Leit méi Immobiliëprêten nees maachen, sot de Jerry Grbic vun der Bankenassociatioun ABBL virun der Chrëschtvakanz schonn am RTL-Interview: "Et sinn dräi Facteuren, déi spillen, d'Baisse vun de Präisser, d'Baisse vun den Tauxen an de Pouvoir d'achat, deen duerch d'Indextranchen an déi verschidde Mesuren eropgaangen ass."
atHome, déi hir Analys virun allem op den affichéierte Präisser baséieren, rechent fir 2025 domadder, datt d'Reprise dëst Joer weidergeet. An dat bedeit an hiren Aen och eppes wat vill Leit wuel awer net freeën dierft. Nämlech, datt d'Präisser vu bestoenden Haiser an Appartementer, déi di lescht Zäit zréckgaange sinn, sech nees stabiliséieren, respektiv am Laf vum Joer souguer nees unzéien. Bei den neien Appartementer, wou d'Promoteure bis elo jo nach net un der Präissschrauf gedréint hunn, gëtt sech iwwerdeems och kuerzfristeg keng signifikativ Entwécklung bei de Präisser erwaart. Appartementer, déi op Plang verkaf ginn, louchen ze lescht bei 9.696 Euro/m2.
Wéi hunn d'Präisser sech an de leschten dräi Méint vum Joer dann entwéckelt?
An der nationaler Moyenne si besonnesch déi al Haiser méi bëlleg ginn, mat Minus 2,6% op ee Joer gekuckt. Bei existenten Appartementer war et eng Baisse vun 0,5% a bei neien Appartementer goung et just nach 0,3% no ënnen.

© Screenshot atHome
D'Präisentwécklung ass jee no Regioun awer ënnerschiddlech ausgefall. Mat liichten Haussen am Norden an am Zentrum a liichte Baissen am Westen an am Osten.
Bei atHome gesi se iwwerdeems eng Tendenz, datt d'Loyeren, déi an der Baukris staark geklomme waren, net weider wäerten an d'Luucht goen. Tëscht Oktober an Dezember wieren d'Loyeren och eng éischte Kéier zanter Méint zréckgaangen. Minus 3,7% bei den Haiser a Minus 1,9% bei den Appartementer.
De staatlechen Observatorie de l'habitat ass mat senger Analys ëmmer een Trimester hannendran, well hei déi reell Verkafspräisser aus den Notairesakten erfaasst ginn. A senger leschter Analys fir dat drëtt Trimester vum leschte Joer sinn d'Zeechen awer schonn an déi selwecht Richtung gaangen.