
Hire Projet gesäit vir, datt den Handel an der Woch vu moies 5 Auer bis owes 22 Auer kann opmaachen a Weekends vu moies 5 Auer bis owes 19 Auer. Ma ob et vill oder wéineg Derogatioune sinn, doriwwer léisst sech diskutéieren a virun allem ass net gewosst, wéi vill se tatsächlech benotzt ginn.
D’lescht Joer krute 16 Gemengen eng Derogatioun, fir datt hir Geschäfter mat Ausnam vun e puer Feierdeeg all Sonndeg kënnen opmaachen. Nach emol 19 hunn eenzel Sonndeger - haaptsächlech virun de Feierdeeg - ugefrot an accordéiert kritt. Dobäi kommen eenzel Evenementer am Joer, wéi den zoustännege Minister Lex Delles erkläert:
“Zum Beispill alleguerten d’Miwwelbutteker fir de Miwwelsalon, da sinn alleguerten d’Miwwelbutteker op, well se Derogatiounen hunn. Zum Beispill Autossalon, dann hunn déi op. Zum Beispill wa Braderië sinn, dann hunn d’Butteker op”
An zanter d’Geriichter 2017 engem Bäcker vun Déifferdeng Recht ginn haten, datt et onfair wier, wann d’Tankstelle moies fréi dierfte Mëtsche verkafen an hien net, hunn och d’Liewensmëttelverarbechtungsbetriber eng Derogatioun. Dat ass et, wann een d’Lëscht kuckt, awer och mat den Derogatiounen. Domat wieren 80 Prozent vun der Geschäftsfläch duerch eng Derogatioun gedeckt, seet de Minister Lex Delles. Ma e puer grouss Supermarchéen, zum Beispill an de Grenzgemengen, falen op de Metercarré gekuckt direkt méi an d’Gewiicht, wéi e Koup kleng Butteker. An esou seet de Lex Delles, kee Buttek wier forcéiert, d’Derogatioun ze benotzen.
“D’Uewerstad huet d’ganzt Joer d’Derogatioun, fir däerfen opzemaachen. Dofir ass awer net all Buttek an der Groussgaass op”. Wéi vill Gebrauch vun den Derogatioune gemaach gëtt, gëtt net kontrolléiert. “Mir wëssen net, wien opspäert a wien net opspäert. Mir hu keng Leit, déi op den Terrain kucke ginn, wien opspäert a wien net opspäert.”
Ob bei de Geschäftsleit um Terrain d’Demande no liberaliséierten Ouvertureszäiten esou grouss ass, wéi d’Patronsverbänn soen, weess een deemno net. D’Gewerkschaften hunn de Projet de loi kritiséiert, well en an hiren Aen nieft anere Projeten dozou bäidréit, sozial Fortschrëtter aus de leschte Joerzéngte réckgängeg ze maachen. De Lex Delles wiert sech géint déi Duerstellung. All Ouverture iwwert déi nei gesetzlech Zäiten eraus, géif elo aus der Hand vum Minister an déi vun de Sozialpartner goen. Dat heescht, se muss iwwer Kollektivvertrag eraus gereegelt ginn. Zum Beispill also, wann e Supermarché samschdes bis owes 21 Auer amplaz just bis 19 Auer wéilt op hunn. Dat arrangéiert och d’Tankstellebedreiwer net, déi scho geknoutert hunn, well si fir d’Zukunft e Kollektivvertrag brauchen.
Ma, wann een d’Lëscht vun den Derogatioune kuckt, freet ee sech awer, ob déi nei Ouvertureszäiten net d’office esou large sinn, datt et doriwwer eraus net vill fir d’Gewerkschafte wäert ze verhandele ginn.
(18.12.24) Regierungsrot: Ëffnungszäiten am Commerce an Handwierk sollen ausgebaut ginn
(20.12.24) Ouvertureszäiten am Commerce: Groupement Energies Mobilité an Tankstelle bedaueren d’Reform
(24.12.24) LISER-Etüd vun 2018: Salariéë géint Sonndesaarbecht a méi laang Ëffnungszäiten
(30.12.24) Invité vun der Redaktioun - Tom Baumert: Betriber solle kënnen opmaachen, “wann de Client wëll kommen”